Wéi wäit gräift KI schonn an eisen Alldag an?
Kënschtlech Intelligenz: e Medium, dat bei ville Leit scho feste Bestanddeel vum Alldag ass, ma wéi wäit kann d’KI tatsächlech schonn agräifen?
Sief et op der Aarbecht an der Konscht oder am private Liewen.
KI gëtt eis haut d’Méiglechkeet iwwert eis elektronesch Geräter Informatiounen ze kréien oder Biller ze generéieren, mee wéi vill Kontroll hu mir nach iwwert eis Daten? Oder gi mir duerch eis Date kontrolléiert? Meta, den amerikaneschen Internetkonzern fir sozial Netzwierker, gräift net nëmme bei hire private Notzer all Dag op hir Daten zou, mee huet sech fir hir sougenannte "Large Language Modelen" och illegal Zougrëff op Millioune vu Bicher geholl.
"De Problem ass jo, datt Meta elo net muss fir déi Informatioune bezuelen a sech Zougrëff op all déi Bicher iwwer piratéiert Sitten hëlt", sou den Ian de Toffoli.
Och an der Beruffswelt ginn ëmmer méi Tätegkeete vu kënschtlech intelligente Maschinnen iwwerholl. Ma och kreativ Beruffer, wéi dee vum Museksproduzent, vum Filmrealisateur oder vum Moler ginn ëmmer méi dacks mat Hëllef vu KI ausgeüübt.
“Ech denken, datt KI d’Leit aus der Filmbranche eng Kéier komplett wäert ersetzen”, sou de Christian Neuman.
KI a Konscht: ee Beräich, an dem et also nach vill intressant a kritesch Themen ze beliichte ginn.
E Samschden, den 10. Mee, an der Spezialemissioun vum Passepartout kënnt Dir Iech déi ganz Diskussioun mat den dräi Invitéeën zum Thema Konscht a kënschtlech Intelligenz ukucken. Um 19 Auer op der Tëlee oder op RTL Play.