D’Entdeckung ass mam James-Webb-Weltraumteleskop gemaach ginn.

Astronomen hunn de Resultater vun enger rezenter Etüd no fir d’éischte Kéier d'Entstoe vun engem neie Sonnesystem observéiert. "Fir d'éischte Kéier hu mir de fréisten Zäitpunkt identifizéiert, op deem d’Planéiten-Entwécklung ronderëm en anere Stär wéi eis Sonn ufänkt", huet d’Melissa McClure vun der Universitéit Leiden an Holland e Mëttwoch erkläert. Dës Entdeckung kéint wichteg Hiweiser ginn, wéi eist eegent Sonnesystem entstanen ass.

Déi nei Observatioun bezitt sech op de jonke Stär Hops-315, ronn 1300 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Orionniwwel. Wéi et an der renomméierter Fachzäitschrëft Nature heescht, huet dëse Stär grouss Ähnlechkeete mat eiser Sonn an hirer fréister Liewensphas.

Jonk Stäre si meeschtens vun décke Réng aus Gas a Stëbs ëmginn, sougenannt protoplanetar Scheiwen. An dëse Scheiwe kënne sech kristallin Mineralie bilden, déi d’Verbindung Siliziummonoxid enthalen – eng wichteg Grondlag fir d’Bildung vu Planéiten.

Genee esou Mineralie goufe lo fir d’éischte Kéier an engem klengen Deel vun der protopanetarer Scheif ronderëm de Stär Hops-315 festgestallt – an engem Beräich, deen eisem eegene Sonnesystem gläicht.

"Mir gesinn e System, deen ausgesäit wéi eise Sonnesystem, wéi e sech grad ugefaangen huet ze formen", sot d’Merel van’t Hoff vun der Purdue-Universitéit am US-Bundesstaat Indiana, déi och mat un der Etüd geschafft huet. Dat géif et erméiglechen, de Prozess ze analyséieren, deen zum Entstoe vun eiser Äerd gefouert kéint hunn.

D’Entdeckung ass mam James-Webb-Weltraumteleskop gemaach ginn. Duerno hunn d’Fuerscher déi héichpräzis Instrumenter vum ALMA-Observatoire an Chile benotzt, fir genee Observatiounen am Millimeter- a Submillimeterberäich ze maachen.

Chile ass wéinst sengem donkelen Himmel a senger klorer Loft en ideale Standuert fir Astronomie – iwwer 30 Länner bedreiwen do Teleskopen, dorënner och dat Atacama Large Millimeter/Submillimeter Array (ALMA). No Aussoe vu Fuerscher liwwert ALMA déi bis ewell detailléiertst Biller aus de fréie Phase vum Universum.