11 Joer duernoSich no Vol MH370 vu Malaysia Airlines geet weider

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
D'Maschinn war am Mäerz 2014 ouni ersiichtleche Grond vum Radar verschwonnen a konnt zanterhier nach net fonnt ginn. Enn Dezember soll d'Sich weidergoen.
© ARIF KARTONO/AFP

D’Sich nom Vol MH370 vun de Malaysia Airlines gëtt Enn Dezember nees opgeholl. Dat huet de malayseschen Transportministère e Mëttwoch de Moien, gutt zéng Joer nodeems de Fliger verschwonne war, matgedeelt. D’Boeing 777 mat 239 Persounen u Bord war den 8. Mäerz 2014 vum Radar verschwonnen, wéi se vu Kuala Lumpur um Wee Richtung Peking war. Zwee-Drëttel vun de Passagéier ware Chineesen, anerer koumen aus Malaysia, Indonesien, Australien, Indien, den USA, Holland a Frankräich.

Map outlining the main locations relating to the 2014 disappearance of Malaysia Airlines flight MH370
© AFP

Trotz der gréisster jee ugeluechter Sichaktioun an der Geschicht vun der Aviatioun, konnt de Fliger net fonnt ginn. Kuala Lumpur “wéilt matdeelen, datt d’Sich um Mieresgrond fir dat vermësste Wrack vum Malaysia Airlines Vol MH370 den 30. Dezember 2025 nees opgeholl gëtt”. Dofir soll d’Entreprise Ocean Infinity an den Asaz kommen, déi dem malayseschen Transportministère no “déi gréisste Warscheinlechkeet huet, de Fliger ze fannen”.

Déi lescht Sich am südlechen Indeschen Ozean gouf am Abrëll dëst Joer ouni Succès ofgebrach, well et “net d’Saison” dofir war. Mat den neien Efforte wéilt d’Regierung hir Beméiungen ënnersträichen, de betraffene Famillje vun den Affer dobäi ze hëllefen, “mat der Tragedie ofzeschléissen”.

Previous searches for MH370, including the massive Australia-led initial search, have yielded no results
© AUSTRALIAN DEFENCE/AFP/File

Back to Top
CIM LOGO