Invité vum Background am Gespréich war dëse Samschden de Vincent Theis, de fréieren Direkter vum Centre Pénitentiaire Schraasseg.

AUDIO: Background am Gespréich mam Vincent Theis.

D'Reform vum Prisong a vum Strofvollzug geet an déi richteg Richtung, seet de fréieren Direkter vum Prisong vu Schraasseg. De Vincent Theis war um Samschdeg eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Et wier awer keng Reform fir d'Éiwegkeet. D'Situatioun am Prisong géif sech nämlech all Dag veränneren, sou de Vincent Theis, deen déi lescht 16 Joer Direkter vum CPL war an Enn d'lescht Joer an d'Pensioun gaangen ass.

Dat hätt domadder ze dinn, dass d'Gesellschaft sech verännert, an dass een d'Situatioun net ka steieren. Et gëtt nëmmen een zouene Prisong hei am Land an dee muss jiddereen ophuelen, dee vun der Justiz dohinner geschéckt gëtt. Et wier dowéinst schwéier fest Reegelen a fest Konzepter opzestellen, sou de Vincent Theis. Dem fréiere Prisongsdirekter no leet dës Reform eng organisatoresch Basis fest, déi op där enger Säit eng gewësse Flexibilitéit zouléisst an op där anerer Säit eng Legislatioun, déi bal zu 100% opgebaut ginn ass op den europäeschen Normen. Et ass mat Sécherheet ee moderne Strofvollzug, deen duerch dës Reform entsteet, sou nach de Vincent Theis. Si géif op där Praxis baséieren, déi scho laang hei zu Lëtzebuerg applizéiert gëtt.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.