Invité vum Background am Gespréich war dëse Samschdeg de fréiere Professer a Politiker vun Déi Lénk.

Eng Datz um wirtschaftlech-sozialem Plang, eng bësse besser Note um Niveau vun de gesellschaftspoliteschen Themen: Esou huet de fréieren Deputéierten André Hoffmann di aktuell Regierungsaarbecht an eiser Emissioun Background am Gespréich resuméiert.
Fir déi eege Leit huet de fréieren Enseignant an Member vun Déi Lénk awer nëmme Luef iwwreg. Do géif d'Aarbecht vun enger richteger Oppositiounspartei gemaach. Hien hätt dann och dat Gefill, wéi wann di Aarbecht dobaussen unerkannt gëtt, esou den André Hoffmann. Ob dat awer fir een drëtte Sëtz an de Chamberwalen duergeet?

Eng reng Aarbechterpartei wier ee scho laang net méi, sou de Matbegrënner vun Déi Lénk. Et misst ee esouguer ganz oppe soen, datt een net méi genuch Memberen aus dem Aarbechtermilieu hätt.

Kee Populismus, mee rietsen Nationalismus: Et misst een déi aktuell chauvinistesch Tendenzen an Europa och mam Numm nennen.
Et wieren dat Stréimungen, déi sech op ee Vollek beruffen, dat et an där Form net gëtt. Déi Leit géingen AfD, Trump oder Front National wielen, well se sech ofgehaange fille vun den traditionelle politesche Parteien.

AUDIO: Background am Gespréich: André Hoffmann (25. Februar)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.