Invitéë waren: Renée Wagener, Christa Brömmel, Lydia Mutsch, Francis Spautz, Fernand Kartheiser, Larissa Best, Hjoerdis Stahl a Betty Fontaine.

Wou ass eis Gesellschaft drun, wann et ëm d’Gläichheet vu Mann a Fra geet? Oder dominéiert bei eis nach ëmmer d’Bild vun der Fra hannert dem Kachdëppen? Wéi hu sech d’Fraerechter an de leschte Joerzéngten verännert a wouhinner hu se d’Fraen am Entrepreunariat oder an der Politik bruecht? Wat gëtt et nach an der Legislatioun ze maachen?

Déi verschidde Volete hu mir versicht, an der Emissioun Background am Gespréich ze beliichten. Dat mat verschiddenen Intervenanten, ënnert anerem der Chancëgläichheetsministesch, enger Soziologin, an Temoignagen. Natierlech hu mir och op d’Männer gekuckt.

Mat derbäi waren:

Renée Wagener – Historikerin a Journalistin

Christa Brömmel – Chargée politique vum CID Femmes

Lydia Mutsch – Chancegläichheetsministesch

Francis Spautz – Infomann, eng Helpline fir Männer

Fernand Kartheiser – fréiere President vun der Association des hommes luxembourgeois

Larissa Best- Platteforme Equilibre

Hjoerdis Stahl – Direktesch vu Post Courrier an och Member vum Verwaltungsrot vun der Post

Betty Fontaine – Direktesch vun der Brasserie Simon

AUDIO: Background am Gespréich Spezial Fraerechter (1. Deel)
AUDIO: Background am Gespréich Spezial Fraerechter (2. Deel)

D’Christa Brömmel huet an der Emissioun vu Feminismen am Pluriel geschwat. Et bréicht een der puer, well et verschidde Fraen nu mol ginn, mat spezifesche Besoinen an Interessen.

AUDIO: Extrait Christa Brömmel.

An der Tëschekrichszäit a während an nom Zweete Weltkrich ass a punkto Fraerechter net vill geschitt. Eréischt Mëtt de 60er Joren huet sech dunn eng nei a besser gebilte Generatioun vu Fraen nees fir hir Rechter agesat, huet d’Historikerin a Journalistin Renée Wagener erkläert. Och d'Lëtzebuerger Fraerechtler, déi deelweis jo och an Unien am Ausland studéiert - an d'Iddien sou mat op Lëtzebuerg bruecht hunn, waren Deel vun enger europäescher Beweegung.

AUDIO: Extrait Renée Wagener.

D’Männer a Fraen mussen zesummeschaffen, fir datt et an der Gesellschaft ee Mentalitéitswiessel gëtt, an tëscht béide Geschlechter een Equiliber besteet. Déi Usiicht vertrëtt de Chancëgläichheetsministère. Eng Fraequot, déi dacks dach kritesch gesi gëtt, wier do just een Hëllefsmëttel fir deen Equiliber z’erreechen, esou d’Lydia Mutsch an der Emissioun Background am Gespréich.

AUDIO: Extrait Lydia Mutsch

Fir d’Fraen ze motivéieren, net nëmmen an der Politik Fouss ze faassen, mä och an anere Liewensberäicher mam Mann gläichgestallt ze ginn, mussen d’Hürden eliminéiert ginn. Dofir gouf och am Dezember zejoert e Gesetz fir d’Loungläichheet gestëmmt. Den Ënnerscheed vun deem wat d’Männer verdéngen a wat d’Fraen läit nämlech nach bei 8,6 Prozent.

D’Fraequot an der Politik, méi präzis fir d’Chamber- an d’Europawahlen ass hei am Land un d’Parteiefinanzéierungsgesetz gekoppelt. An der Belsch huet ee mat der Quot eng positiv Erfahrung gemaach. Do gouf dës Quot viru 15 Joer gesetzlech agefouert. Den Undeel u Fraen am Parlament huet sech zanterhier verduebelt. A läit aktuell bei 42 Prozent. A Fraequoten an den Entreprisen? Dat gesäit d’Larissa Best vun der Plattform Equilibre skeptesch.

AUDIO: Extrait Larissa Best.

An der Emissioun Background am Gespréich koum dann och d’Hjoerdis Stahl zu Wuert. Si ass 50 Joer al, an huet an engem Männer-Domaine geschafft, an der Logistik. Zanter 2013 sëtzt si um Direktiounsposte bei der Post fir d’Postaktivitéiten an ass och Member vum Verwaltungsrot.

AUDIO: Extrait Hjoerdis Stahl.

An der Emissioun Background am Gespréich koum dann awer och ee Mann zu Wuert, dee sech fir d’Männerrechter staark mécht. De Fernand Kartheiser. Hie war ënnert anerem President vun der association des hommes luxembourgeois a fënnt datt d’Männerrechter an eiser Gesellschaft an och vun der Politik vernoléissegt ginn.

AUDIO: Extrait Fernand Kartheiser

BIBLIOGRAPHIE
 

  • Wagener, Renée: «... Wie eine Frühreife Frucht». Zur Geschichte des Frauenwahlrechts in Luxemburg, Luxemburg 1994.
  • Lorang, Antoinette / Goetzinger, Germaine / Wagener, Renée (Hg.): «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen ...» 1880 – 1950, Frauen in Luxemburg = Femmes au Luxembourg, (Publications nationales du Ministère de la culture) Luxembourg 1997.
  • Roster, Danielle: Not the girl you’re looking for - Melusina rediscovered. Objekt + Subjekt Frau in der Kultur Luxemburgs = Objet + Sujet - La femme dans la culture au Luxembourg, Luxemburg 2010.
  • Kmec, Sonja; u. a.: Das Gespenst des Feminismus : Frauenbewegung in Luxemburg: gestern - heute - morgen, Marburg 2012.
  • Wagener, Renée: Das Auge des Zyklopen. Die Luxemburger Geschichtsschreibung und die weibliche Lohnarbeit im Zeitalter der Industrialisierung, in: Mutations, 6, (2013), 11–26. http://www.youblisher.com/p/864075-Mutations-6/

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.