Invitée vum Background am Gespréich war dëse Samschdeg d'Familljen- an d'Integratiounsministesch Corinne Cahen.

D'DP ass fir méi flexibel Aarbechtszäiten, fir en anert schaffen – jee no Liewenssituatioun. Dat sot d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen um Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background. Et géif net drëms goen, d'Stonnen d'office ze kierzen, keng Diskussioun also iwwert eng 32 oder 35-Stonne-Woch.

AUDIO: Extrait Corinne Cahen (1)

Dës Regierung géif de Leit méi Zäit ginn, z.B. mam Congé Parental. Et wär elo näischt Direktes, Neies vun der Regierung virgesinn, wéi dat, wat elo scho gemaach gëtt. Déi ganz Zäitdiskussioun giff och eréischt ufänken.

De Congé Parental ... do gräift d‘Reform zanter dem 1. Dezember. En ass méi flexibel an d'Montante sinn an d'Luucht gaangen. D'Demanden hu sech verduebelt am Verglach mat virun engem Joer. D'Corinne Cahen rechent awer dermat, datt dat sech nach apendelt.

Et géif een awer mierken, datt elo scho vill méi Demandë vu Pappen erakommen. Besonnesch beléift ass och de Congé Parental vun engem Dag d'Woch während 20 Méint. Dee froe 4 mol méi Pappen u wéi Mammen.

D'Corinne Cahen ass jo och Integratiounsministesch, nach ëmmer komme relativ vill Flüchtlingen un. 280 waren et der am Februar, vill géifen der awer och nees weiderzéien.n86 Logementer gëtt et am ganze Land, mat 3'500 Better. Nach géif et fräi Plaze ginn, och wann een net all Bett kéint notzen, well een zum Beispill kee Frieme bei eng Famill wëll an d'Zëmmer leeën.

AUDIO: Extrait Corinne Cahen (2)

Déi gréisst Erausfuerderung wär déi, déi 800 Leit mat Statut aus de Foyeren erauszekréien.

AUDIO: Background am Gespréich mam Corinne Cahen

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.