Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war den CSV-President Marc Spautz.

D'Sondage sinn dat eent, d'Wahlresultat dat anert, sot den CSV-President Marc Spautz an der Emissioun Background am Gespréich.

Fir eng Koalitiounsausso virun de Chamberwahle war hien net ze kréien. Eenzeg rout Linn wier d'Approche zur EU. Een anti-europäesche Koalitiounspartner kéint et net ginn.

Wann d'CSV dann an déi nächst Regierung sollt kommen, wëll de Marc Spautz, dass virop bei der Familljepolitik Saachen änneren, virop bei der Kannerbetreiung, dem Congé parental an och beim Kannergeld, dat nees méi progressiv „en fonction“ vun der Unzuel u Kanner an der Famill soll ginn.

Beim Sujet Trennung vu Kierch a Staat war et de Rot, iwwer Ouschteren zur Besënnung ze kommen, fir dass Bistum, Regierung a Kierchefabrécken sech ëm en Dësch sëtzen a nees matenee schwätzen. Den Ament wieren d'Aussoen dacks op engem déiwen Niveau an ze polemesch.

Sujet war och d'Rifkin-Etuden an déi nei digital an industriell Revolutioun. D'Zilrichtung wier an der Rei, ma et misst een oppassen, dass de Mënsch net op der Streck bleift.

Beim Sujet Aarbechtszäitorganisatioun mengt de Marc Spautz, dass een do näischt vun uewen erof soll dekretéieren, mä dass et besser ass, den Detail op Betribsnivaeu ze klären.

Beim Sujet Pensiounen plaidéiert den CSV-President fir laangfristeg ze denken an un engem Switch an en anere System ze schaffen fir kommend Generatiounen. D'Rentemauer wier wäit genuch ewech, fir mat rouegem Kapp un engem neie Rentesystem ze schaffen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Marc Spautz

Déi komplett Emissioun "Background" mam Marc Spautz kënnt Dir hei, respektiv um Radio an der Rediffusioun e Sonndeg den Owend no de Neiegkeete vun 20 Auer nolauschteren.