Invité am Background am Gespréich waren de President vu Luxembourg Space Cluster an den zoustännegen héije Beamten aus dem Wirtschaftsministère.

Ronn zwou an eng hallef Wochen nom Enn vun der Wirtschaftsmissioun a Saache Weltraumaktivitéiten am Weste vun den USA hu  mir mam Yves Elsen a mam Mario Grotz diskutéiert iwwer Chancen duerch dës Aktivitéiten, privat Initiativen an ëffentlech Efforten.

Den Yves Elsen huet dobäi op d'Fro, awéiwäit hien d’Kritik un an d’Skepsis vu Bierger am Zesummenhank mat deenen Aktivitéite versteet, dat heite geäntwert. Hie kéint ganz gutt verstoen, dass d'Leit sech d'Fro stellen, op et Sënn sech mat Asteroiden ausenaner ze setzen, während déi 9 Milliarde Mënschen hei um Buedem hunn. Ma op där anerer Säit wier den Yves Elsen dann awer och ganz optimistesch, d'Leit an Zukunft kënne matzerappen, wann déi Betriber, déi sech elo hei zu Lëtzebuerg néierloossen, emol géingen ufänke Leit anzestellen an dee ganze Projet méi konkret géif ginn. Wichteg wier dowéinst och d'Kommunikatioun, eventuell an d'Schoulen ze goen an allgemeng de Leit déi ganz Saach méi verständlech nozebréngen.

Fir de Mario Grotz sinn d'Schoulen och ganz wichteg. An do wier de Wirtschaftsminister Etienne Schneider jo och schonn a verschidde Schoule gaangen, fir seng Iddien am Beräich vun de Space-Resources ze presentéieren. An deem Kontext wier et ganz interessant gewiescht, mat de Schüler vun 2ème an 12ème ze diskutéieren. Besonnesch impressionnéiert war de Mario Grotz vum Interessi an och vum Wësse vun deene jonke Leit.

AUDIO: Background am Gespréich mam Yves Elsen a Mario Grotz.

Déi komplett Emissioun "Background" kënnt Dir hei, respektiv um Radio an der Rediffusioun e Sonndeg den Owend no den Neiegkeete vun 20 Auer nolauschteren.