Invité am Background am Gespréich war de Logements- an delegéierten Héichschoulsminister.

Dës Regierung gräift an der Logementspolitik net zu radikale Mesuren. Et komme keng nei legislativ Enteegnungs-Prozeduren an dëser Legislaturperiod. Dat sot de Logementsminister Marc Hansen e Samschden de Mëtteg an der Emissioun Background. D'DP wäert am nächste Wahlprogramm och keng Expropriatiounen dra stoen hunn.

AUDIO: Extrait Marc Hansen (2)

D'Gemenge kéinten den Ament schonn drop zréck gräifen, de Pacte Logement gëtt hinnen déi Méiglechkeet. Mä si maachen et net. D'Taxe op Wunnengen, déi eidel stinn, gëtt och net applizéiert.

De Logementsproblem ze léisen, wär eng immens Erausfuerderung, sou de Marc Hansen. Et wär immens komplizéiert a villschichteg. An och eng duebel Erausfuerderung: Et misst een en historesche Retard opschaffen, well iwwer Joren net genuch gebaut gouf. All Joer kommen och 12.000-13.000 nei Residente bäi.

AUDIO: Extrait Marc Hansen (1)

De Marc Hansen ass awer iwwerzeegt, datt ee mat de villen 1.000 Puzzle-Stécker d'Situatioun an de Grëff kritt. Vill Mesurë lafen den Ament. Déi gräifen net ëmmer all direkt, villes géif een eréischt a Méint, a Jore spieren.

Et wär sécher en nationale Sujet, dee parteiiwwergräifend muss diskutéiert a geléist ginn. Wou et leider keng Patentléisung gëtt, sou de Minister Marc Hansen an der Emissioun Background.

Bei de Sozialwunnenge gëtt et och groussen Nachholbedarf. Aktuell hu mer där just 2 Prozent, esou wéineg wéi néierens soss an Europa. D'SNHBM hätt bannent zwee Joer dräi Mol méi gebaut, amplaz 80 Wunnengen 2014 zejoert 250. Dat geet nach ëmmer net duer, mä et misst ee sech och froen, firwat virdrun net méi geschitt ass, sou de Marc Hansen. De Minister sot och, datt d'Waardelëschte laang sinn, fir eng Sozialwunneng ze kréien. 2.000 Leit zum Beispill, déi eppes beim Fonds du Logement froen. Dat well d'Leit och präzis Wënsch hunn, wat een och ka verstoen. Mä zu Lamadeleine zum Beispill géif et disponibel, gënschteg Wunnenge ginn, déi ee kéint kafen. Mä den Interessi wär do net grouss.

AUDIO: Background: Marc Hansen (6. Mee)

Déi komplett Emissioun "Background" kënnt Dir normalerweis hei, respektiv um Radio an der Rediffusioun e Sonndeg den Owend no den Neiegkeete vun 20 Auer nolauschteren. Dëse Sonndeg fält dës wéinst der Basket-Finale, déi op RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu iwwerdroe gëtt, aus.