Pro a contra méisproocheg Erzéiung a Crèchen an am Precoce
Eis Invitéen dës Woch am Background am Gespréich waren de Claude Meisch, d'Françoise Hetto-Gaasch, d'Liane Rausch an d'Adelheid Hu.
Vum September u gëtt an de Crèchen an am Precoce déi méisproocheg Fréifërderung agefouert. Dat heescht, dass kleng Kanner vun 0 bis 4 scho solle mam Lëtzebuergeschen a Franséische familiariséiert ginn. Iwwert dat neit Konzept, dat net onëmstridden ass, gouf e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background diskutéiert. Ronderëm den Dësch souzen den Educatiounsminister Claude Meisch, d'CSV Deputéiert Françoise Hetto, d'Liane Rausch, Enseignante aus dem Precoce, a mam Adelheid Hu och eng Sproochewëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg.
D'CSV ass dem neie Konzept géintiwwer ganz skeptesch agestallt. Et géifen nämlech nach ëmmer vill ze vill Froen opstoen, zum Beispill wat et fir déi eenzel Acteuren um Terrain bedeit, fir d'Kanner, fir d'Crèchen, fir d'Maison-Relaisen, fir de Precoce an awer och fir d'Gemengen an d'Elteren.
D'Françoise Hetto huet ënnert anerem d'Fro opgeworf, ob dann herno effektiv all Kand d'Chance huet, eng Plaz an enger Crèche ze kréien, wéi sollen all déi Plaze geschaaft an dat néidegt Personal fonnt ginn, wann ee weess, dass all Joer hei am Land 6.000 Kanner op d'Welt kommen. Et kéint net sinn, dass dat aktuellt Konzept op Pilotprojete baséiert. Der CSV-Deputéiert no ass et verfréit, déi méisproocheg Fréifërderung elo schonn am September anzeféieren. Fir d'éischt hätte mussen anstänneg Etudë gemaach ginn, fir ze kucken, ob wierklech eppes ënnert dem Stréch erauskënnt.
Eng kloer Zilsetzung kann d'Françoise Hetto am aktuelle Konzept, eegenen Aussoen no, net erkennen.
De Claude Meisch ass sech bewosst, dass dat heite Konzept vill Personal verlaangt. Et wier een awer an engem Prozess dran, sou den Educatiounsminister.
Et wier elo scho vill geschitt, éier d'Gesetz iwwerhaapt gestëmmt ass. Vill Crèchë wiere schonn am Gaangen, anert Personal ze rekrutéieren, mat deene Sproochkompetenzen, déi néideg sinn. Vill wieren am Gaangen, un hire Konzepter ze schaffen. Et géif een de Crèchen dann och eng Iwwergangszäit ginn. Et wier net esou, dass vum September un alles anescht ass, mä et géif een dat an Etappe maachen. Et wier de Startschoss fir eng Entwécklung, an déi misst begleet an analyséiert ginn, sou den Educatiounsminister, fir déi nächst Etappen ze determinéieren.
Wichteg wier, dass d'Kanner d'Sproochen herno gär schwätzen, seet d'Sproochewëssenschaftlerin Adelheid Hu. Vill Studenten hei am Land wieren nämlech dem Franséischen an och dem Däitsche géintiwwer negativ agestallt. An dat misst sech änneren.
Fir d'Adelheid Hu ass den Usaz vun dem neie Konzept dee richtegen a ganz intressant. Zemools wou Lëtzebuerg souwisou schonn ee méisproochegt Land ass. Dofir ass et an hiren Aen och wichteg, sou fréi wéi méiglech unzefänken, de Kanner Sprooche bäizebréngen. Hirer Meenung no ass dëst ee Laangzäitprojet, wou am Laf vun de Joren ëmmer nees muss verbessert an adaptéiert ginn.
D'Méisproochegkeet ass och elo scho präsent ënnert de Kanner, sou d'Liane Rausch, si ass Enseignante an enger Precoce-Klass. Éischter méi skeptesch gesäit si d'Ëmsetze vun dem neie Konzept an der Praxis. Eent wier awer wichteg, an zwar dass eng gemeinsam Sprooch bestoe bleift. Bis elo war dat d'Lëtzebuergescht, elo kéim dann d'Franséischt dobäi.
D'Liane Rausch vermësst am aktuelle Konzept Kontinuitéit. Si fäert, dass et no der Crèche, wou d'Kanner nach sollen op Lëtzebuergesch a Franséisch gefërdert ginn, zu engem Broch kënnt.
Och am 1. an am 2. Schouljoer soll et weider goen an och do weider soll franséisch geschwat ginn, sot nach de Claude Meisch. A dem Kontext wäert de Léierplang dann och mussen deementspriechend adaptéiert ginn, bis duerno dee formale Sproochenunterrecht ufänkt, mat Liesen a Schreiwen op Franséisch.
An Zukunft huet all Kand vun 1 bis 4 Joer 20 Stonne gratis d'Woch an enger Crèche zegutt, sozial schwaach Famille bis zu 30 Stonnen.
D'Françoise Hetto huet sech d'Fro gestallt, firwat d'Crèche soll gratis si fir jiddereen, wou wier do déi sozial Selektivitéit? Wisou sollt een, deen eng gutt Pai huet, vun 20 Stonne gratis profitéieren, dat géif de Staat ëmmerhin 80 Milliounen Euro d'Joer kaschten, huet d'CSV-Deputéiert ze bedenke ginn. Mol dovun ofgesinn, géif een d'Elteren ënner Drock setzen a se quasi forcéieren, hir Kanner an d'Crèche ze schécken, fir ze verhënneren, dass et herno net sou gutt virbereet wier.
Déi gratis Betreiung an der Crèche ass fir den Educatiounsminister just eng logesch Konsequenz, vue dass jo och d'Schoul gratis ass.
An deenen 80 Millioune wieren awer net nëmmen déi gratis Betreiungsstonne mat dran, mä och d'Qualitéitsverbesserungen an de Crèchen, fir kënnen déi méisproocheg Fréifërderung anzeféieren. Mat dëser Mesure géifen d'Famille staark entlaascht ginn. Eng Famill mat engem mëttleren Akommes kéint iwwert d'Joer bis zu 4.000 Euro spueren. Iwwert dëse Wee géif een hinne Kafkraaft zeréck ginn.
Et géif een d'Elteren awer net forcéieren, hir Kanner direkt aus der Maternité eraus an eng Crèche ze schécken, dat wéilt kee Mënsch, sou de Claude Meisch. D'Offer wier do, och wann se nach muss ausgebaut ginn iwwert déi nächst Joren. Et wieren awer net nëmmen d'Strukturen, déi gefuerdert wieren, mä och d'Eltere, och dat wier ee Volet dee nach méi staark misst thematiséiert ginn.
An Zukunft ginn och Qualitéitskontrollen duerchgefouert.
Elo scho ginn et 22 regional Agenten, déi an d'Crèche kucke ginn, ob d'Qualitéitscritèren, déi bestinn, dorënner fält och dat pädagogescht Konzept, respektéiert ginn. Sollt konstatéiert ginn, dass d'Konzept net ëmgesat gëtt, géif dat betraffent Haus Zäit kréien, dat ze maachen.
Sollt dat net geschéien, kéint déi betraffe Crèche oder och Asbl respektiv Gemeng ënner Ëmstänn riskéieren, den Zougang zum Chèques Service ze verléieren, wat dat ekonomescht Enn vu där Struktur géif bedeiten. Et wier deemno an hirem Interêt, mat op den heite Wee ze goen, sou den Educatiounsminister. Och wiere d'Crèchen dru gehalen, an Zukunft souwuel franséischsproochegt wéi och lëtzebuergeschsproochegt Personal bei sech schaffen ze hunn. D'Crèchë wieren awer elo schonn am Ëmbroch, huet de Claude Meisch betount.
Wat iwwerdeems d'Dageselteren uginn, huet de Claude Meisch betount, dass dës effektiv net ëmmer kéinten an enger multilingualer Approche schaffen. Fir si géifen nach aner Diere respektiv Perspektiven opgemaach ginn, déi och vum Staat solle finanziell ënnerstëtzt ginn.
Fir d'CSV-Deputéiert Françoise Hetto ass et och wichteg, dass all Kand am Land misst eng Plaz am Precoce garantéiert hunn. Dem Educatiounsminister no ass dat effektiv e Problem. An dem Fall wieren och d'Gemenge gefuerdert, sou de Claude Meisch. Et war den däitlechen Appell vu Claude Meisch un d'Gemengen, fir déi Entwécklung fest am Aen ze behalen, an eng Aschreiwung iwwert déi ganz Woch ze envisagéieren.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.
