Wat muss d'Landwirtschaft alles kënnen?
Eis Invitéen dës Woch am Background am Gespréich waren de Fernand Etgen, d'Dani Noesen, de Marco Gaasch an de Roby Ley.
Invitéë waren: de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen
d'Dani Noesen, Directrice vu Bio-Lëtzebuerg
de President vun der Landwirtschaftskammer Marco Gaasch
den Direkter vum Weinbauinstitut Roby Ley
D'Emissioun "Background am Gespréich" stoung am Zeechen vu Landwirtschaft a Wäibau. Et goung ëm een deelweist Ëmstellen op d'Biolandwirtschaft, ëm déi aktuell Problemer, déi d'Baueren an d'Wënzer mat der Meteo hunn, mee och ëm e neien Label, fir eng nohalteg Landwirtschaft, dee soll geschaf ginn.
De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen erkläert, dass eng nei Klassifizéierung wichteg ass, fir dass een den Duerchbléck huet iwwer d'Qualitéit vun de Produiten. Mat dem neie Soumissiounsgesetz komme jo och Nohaltegkeetsparameteren an d'Spill.
Op d'Informatioun, datt et en neien staatleche Label soll ginn, huet de President vun der Landwirtschaftskammer Marco Gaasch mat Nuancen reagéiert, well ee géif Gefor lafen en ze vill komplizéierten System anzeféieren, bei deem Betriber géifen op der Streck bleiwen.
Op d'Wënzer dann kënnt iwwerdeem eng nei Promotiounscampagne duer - dëst Joer gëtt eng entspriechend Etude analyséiert, sou datt déi nei Campagne d'nächst Joer ka lancéiert ginn.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.