Zoustand vun der Gauche zu Lëtzebuerg an an Europa
D'Invitéen dës Woch am Background am Gespréich waren den Deputéierte vun déi Lénk, de President vun de Jongsozialisten an de Generalsekretär vun der LSAP.
Ëm den Zoustand vun der Gauche zu Lëtzebuerg an an Europa méi allgemeng ass et dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich tëscht dem Yves Cruchten an dem Jimmy Skenderovic vun der LSAP an dem David Wagner vun Déi Lénk gaangen.
"Lénker an Europa wiere guer net sou schlecht opgestallt wéi ëmmer gesot géif", sot den Deputéierte vun déi Lénk an huet d'Beispiller Spuenien, Portugal a Groussbritannien genannt.
Jo, d'Sozialisten an Europa hunn d'Zäit an den 1990er net genotzt, fir déi sozial Agenda virunzedreiwen an Europa eng sozial Dimensioun ze ginn, sou den LSAP-Generalsekretär. Ma den Yves Cruchten gesäit d'Zukunft vun der Gauche nawell optimistesch ...
De laangfristegen Engagement an eng politesch Partei léisst no. Dat géif awer net bedeiten datt déi Jonk hautdesdaags manner politiséiert sinn, do ware sech d'Invitéeën eens.
Datt 25% vun de Leit am leschte Politmonitor vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort uginn hunn, se géife kenger Partei vertrauen, misst engem awer nawell Suerge maachen. Wat kann een dogéint maachen? De President vun de Jongsozialisten Jimmy Skenderovic, fuerdert kloer a verständlech Messagë vun de Parteien.
D'Form vum Engagement hätt sécher geännert. Dem David Wagner vun déi Lénk no kann ee politeschen Engagement awer net op parteipoliteschen Engagement limitéieren ...
Net eens ware sech d'Invitéeën iwwert d'Zukunft vum neie President Emmanuel Macron a Frankräich. De Kandidat vun "en Marche" hätt seng Chance verdéngt. E wéilt op d'mannst de Fransousen nees Hoffnung maachen, sou den Yves Cruchten. Den David Wagner dogéint ass iwwerzeegt, datt de President Macron mat sengem Walprogramm scheitert a vläicht keng 5 Joer am Elysée hält.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.