Invité an der Emissioun Background am Gespréich war e Samschden an der Mëttesstonn de Gréngen Infrastrukturminister François Bausch.

Wat dem US-President seng Klima-Decisioun betrëfft mengt de François Bausch, dass den Donald Trump laanscht d'Realitéit lieft, an dass de Gros vun den USA, sief et US-Bundesstaaten, grouss Stied oder Entreprisen hannert dem Klimaaccord stinn a weider an déi Richtung agéieren.

Op nationalpoliteschem Plang huet den Infrastrukturminister ënnerstrach, dass iwwer 3,5 Milliarden Euro an den Eisebunnsreseau investéiert ginn. Do wier Joerzéngten näischt geschitt. Hien ass sech awer och bewosst, dass déi Aarbechte kuerz-a mëttelfristeg fir Problemer bei de Verbindunge suergen, Beispill Volmerange-Diddeleng-Stad.

De Minister Bausch ass sech och grad esou bewosst, dass den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn net d'Enn vum Stau bedeit. Et wier awer néideg, wéinst virun allem dem Camionstrafic, bedéngt duerch de Logistikzenter.

Beim Sujet Landesplanung wier eng Prioritéit dass een d'Aarbechtsplaze regional besser verdeelt kritt, fir dass de Knuet an a ronderëm d'Ballungszenteren net nach méi zougezu gëtt. Et wéilt een et net méi maachen, wéi et am Land Usus gewiescht wier. Et wiere joerzéngtelaang Aktivitéitszone mat Commerce, Bureauen an aneren Aarbechtsplaze gebaut ginn, an eréischt duerno hätt ee sech d'Fro gestallt, wéi een d'Leit dohinner an nees Heem kritt.

Dat wier d'Päerd vun hanne gesuedelt gewiescht.

Dem Minister Bausch ass et och wichteg, dass d'Bierger bei der Landesplanung kënne matschwätzen, et wéilt een net vun uewen erof decidéieren.

Am Hierscht gëtt eng Ausschreiwung gemaach, fir dass eng 200 Bierger an enger Zort Laboratoiren oder Aarbechtsgruppen ee Joer laang un Iddie feilen, déi mat afléisse sollen.

AUDIO: Background am Gespréich: François Bausch

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.