Invitéë waren de Felix Wildschutz, Chef vun der Veterinärinspektioun, de Luss Bildgen, President vun der Déiereschutzliga an de Bauer Jeff Boonen.

Mam neie Projet vum Déiereschutzgesetz geet ee schonn op de richtege Wee, hunn eis dräi Invitéën an der Emissioun Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg gemengt. Allerdéngs ginn et hei an do nach e puer Lacunen. Ze vill streng dierft d’Gesetz net ginn, mengt de Bauer Jeff Boonen, an deem Fall nämlech kéint een d’Abuse géintiwwer den Déieren an d’Ausland verlageren.

Dee schlechten Image vun der Massendéierenhaltung kënnt virun allem aus dem Ausland, sot de President vun der Déiereschutzliga, Luss Bildgen. Hei zu Lëtzebuerg hätt een dee Problem net. De Jeff Boonen deet sech schwéier mat der Kritik: duerch Massendéierenhaltung géif et den Déiere schlecht goen. Dat kéint ee pauschal net esou behaapten.

An Zukunft kritt d'Véterinaireverwaltung ëm de Felix Wildschutz duerch dat neit Gesetz nach méi Aarbecht, well se och an der Urgence agéiere kann. D'Déiere kënne saiséiert ginn an 48 Stonne laang enzwousch ënnerkommen. Ma wouhinner, freet sech de Luss Bildgen. Virun allem well verschidden Déieren net nëmmen 48 Stonnen ënnerbruecht ginn. Dacks misste sech d’Déiereschützer e puer Méint laang ëm d’Déier këmmeren, wann zum Beispill de Proprietaire viru Geriicht gezu gëtt. Deemno wéi géif d’Déier och nees un de Besëtzer zeréck goen.

Hei zu Lëtzebuerg ginn Experimenter just u Mais, Raten an u Fësch gemaach. Eng rezent Petitioun freet, datt een déi Experimenter duerch Alternativen ouni Déiere soll ersetzen. E Samschdeg de Mëtteg war dat och Thema an der Emissioun. De Felix Wildschutz huet hei betount, datt een am Grand-Duché just d’Déieren an der Recherche fondamentale, an der Kriibsfuerschung oder neurodegenerative Krankheete benotzt. Vun 2.000 Déiere virun 2 Joer ass een op 6.000 d’lescht Joer geklommen, do wier virun allem mat Fësch, sougenannten Zebrafësch, getest ginn a mat Larve vu Fësch. Dat wier op d’Promotioun vun der Recherche fondamentale zeréckzeféieren.

AUDIO: Background am Gespéich: Déiereschutz

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.