De Patrick Klein, de Michel Ledoux an de Jean-Nico Pierre waren e Samschden Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Dass zu Lëtzebuerg zejoert d'Zuel vu Leit, déi un enger Iwwerdosis Droge gestuerwe sinn, sou niddreg war wéi nach ni virdrun, ass keen Zoufall, mä op d'Aarbecht aus de leschte Joren a v.a. den Drogen-Aktiounsplang zréckzeféieren.

Dat soten d'Invitéen, de Chargé de direction vum Abrigado an d'Direktere vum Centre de prévention des toxicomanies a vun der Jugend- an Drogenhëllef an der Emissioun Background am Gespréich.

Weider Aussoe waren, dass d'Fixerstuff zu Esch am September/Oktober 2018 opgoe soll an dass et eng Kéier en Thema war, fir eng Fixerstuff am Norden opzemaachen. Dee Moment hätt et awer kee Besoin ginn, ma d'Iddi wär nach ëmmer an de Käpp.

Zu Lëtzebuerg wären d'Droge méi e männleche Problem wéi e weiblechen (mat engem Ratio vun 80 bis 85 zu 15 bis 20 Prozent), an am Grand-Duché géife weiderhi v.a. Heroin a Kokain konsuméiert ginn.

AUDIO: Background am Gespréich: Drogen zu Lëtzebuerg.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.