Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war de Marc Baum vun "déi Lénk".

Et ass wichteg, datt et eng Géigeklack zur politescher Majoritéit gëtt.

Dat sot den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum, um Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. Och wann "déi Lénk" sech dacks vill Aarbecht maachen, fir da mat hiren Iddien um Krautmaart net duerchzekommen, sou wier et awer wichteg, datt dës Iddien iwwerhaapt emol an déi ëffentlech Debatt erakéimen.

D'Preparative fir d'Gemengewahle lafe bei "déi Lénk" op Héichtouren. Ënnert anerem setzt een op d'Theme vun der demokratescher Participatioun a vum Logement. Am Wunnengsbau missten zum Beispill d'Gemengen aktiv ginn a selwer Wunnraum schafen, fir en dono ze verlounen. Den Deputéierte nennt d'Gemeng Esch als Beispill, wou déi Rechnung och finanziell géing opgoen. De Marc Baum kandidéiert iwwregens och nees zu Esch.

Vun der Regierung-Aarbecht vu Blo-Rout-Gréng sinn "déi Lénk" op ville Punkten enttäuscht. D'Fënstere wieren um Enn dann awer guer net esou grouss opgemaach ginn. Mat Ausnam vun der Trennung vu Kierch a Staat hätten all déi aner gesellschaftspolitesch Reformen och mat enger CSV kéinten ëmgesat ginn.

Mat där CSV oder nach mat der ADR kënne sech "déi Lénk" da keng Koalitioun no de Chamberwahlen 2018 virstellen, och net mat der DP.

A long terme wier eventuell eng Zesummenaarbecht mat der LSAP an deene Gréngen dran, virausgesat dës Parteien géinge sech an déi richteg Richtung entwéckelen, esou nach de Marc Baum.

AUDIO: Background am Gespréich mam Marc Baum.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.