Invité dëse Samschdeg am Background am Gespréich war de Wirtschafts- an Defenseminister a Vizepremier.

D'Proprietäre vun den Terraine musse bis e Freideg hir Verantwortung huelen, dat sot de Wirtschaftsminister a Vizepremier Etienne Schneider e Samschdeg de Mëtteg am Background iwwert de Projet vu Google, dee gréissten Datazenter vu bis ewell zu Lëtzebuerg ze bauen. De Wirtschaftsminister war jo am Dezember an den USA an hat de groussen Invest an Héicht vun enger Milliard du schonn an Aussiicht gestallt an et sollt ee sech am Fong och bis Januar dëst Joer eens ginn. Ma nach huet d'Regierung net deen néidegen Terrain fonnt. 25 Hektar fir en Datazenter vun enger Surface vun enger Millioun m2. Just als Verglach, d'Datazenter, déi et fir den Ament iwwert d'Land verdeelt gëtt, maachen alles an allem 60.000 m2 aus.

Laang hat et duerno ausgesinn, wéi wann e Site zu Biissen a Fro kéim. Bis datt sech ee vun de Proprietäre queesch gestallt huet. Dem Etienne Schneider no gëtt et den Ament nach e puer Alternativen, wéi vill wollt de Minister awer net soen. Et wier mat alle Proprietäre geschwat ginn an déijéineg, déi als éischt op engem Site alleguerten awëllegen, fir ze verkafen, an de Compromis ënnerschreiwen, kënne sécher sinn, datt si den Zouschlag kréien, do war de Ressortminister formell an huet an deem Sënn och un d'Verantwortung vun de Proprietären appelléiert.

AUDIO: Den Etienne Schneider iwwert de geplangte Google Datazenter

Den Datazenter vu Google wier immens wichteg fir Lëtzebuerg a géif dem Land net nëmmen e positiven Image weltwäit ginn, ma och nach derfir suergen, datt d'Stroumpräisser fir d'Allgemengheet erofginn.

D'Chancen, datt Google säin Ultimatum iwwer nächste Freideg eraus verlängert, wieren extrem kleng a wa se net op Lëtzebuerg kommen, da si se muer an der Belsch oder an Däitschland oder soss enzwousch, sou den Etienne Schneider. Fir den Datazenter vu Google ginn net nëmme 25 Hektar gebraucht, ma 25 Hektar op enger adaptéierte Plaz, déi verschidde Konditiounen erfëlle muss. Virun allem muss d'Plaz gutt un de Stroumreseau ugebonne sinn. D'Stroumzouliwwerung muss garantéiert ginn. Den Datazenter vu Google géif nämlech virun ArcelorMittal dee gréisste Stroumverbraucher am Land ginn. A Priori kommen dem Ressortminister no also guer net sou vill Sitten a Fro.

Den Etienne Schneider no goufen nach ni an enger Legislaturperiod sou vill Industrieprojeten ugezu wéi an dëser. Zanter dem leschte Joer hätt een eng Milliard Euro Investissementer op Lëtzebuerg bruecht. An dëst Joer sollen nach vill honnerte Millioune bäikommen, sou de Minister e Samschdeg am Background. Spéitstens am September steet eng nei Annonce vun engem Industriebetrib un dee schonn hei am Land ass an deem Beräich vun der sougenannter Industrie 4.0. aktiv ass.
En Numm wollt de Wirtschaftsminister leider net verroden.

Weider waren et d'Annoncen, datt de Mindestloun eropgesat gëtt an datt d'LSAP an den Etienne Schneider selwer kloer fir 10 Deeg Pappecongé sinn.

"Ech hätt absolut näischt dergéint fir déi heite Koalitioun nach eng Kéier weider ze féieren", dat sot den Etienne Schneider am eiser leschter Emissioun Background am Gespréich. Sollt d'LSAP déi Kéier awer nees stäerkst Partei ginn ass de Vizepremier awer net méi bereet, zu Gonschte vun der DP op de Premiersposten ze verzichten. Den Etienne Schneider ass och der Meenung, datt een de liberale Koalitiounspartner och net weider dovunner iwwerzeege misst. Op eng Bettel-Schneider oder eng Schneider-Bettel-Regierung, et géif ee grad sou gutt mat eneen eens ginn. Schwaarz-Roud huet den Etienne Schneider donieft als méiglech Koalitioun awer och net ausgeschloss.

Dowéinst misst een d'Bierger um Wirtschaftswuesstem bedeelegen, seet den Etienne Schneider. De Wirtschaftsminister huet sech virun allem fir eng Hausse vum Mindestloun ausgeschwat, deen och misst steierfräi sinn. Hei misst een e Geste maachen. Eng Augmentatioun vun 10% wéi den OGBL se fuerdert, géif een awer net an en LSAP-Wahlprogramm schreiwen sou nach de Wirtschaftsminister, deen awer och vu méiglechen Adaptatioune beim REVIS an der Allocation de vie chère geschwat huet. Besonnesch de Monoparentauxen misst een nach méi hëllefen. Grad well elo nees méi finanzielle Sputt do ass, sou de Vizepremier.

Eng Méiglechkeet wär et, dass d'Leit manner laang misste schaffen, oder méi verdénge géifen. Eng wichteg Initiativ a Richtung soziaalt Europa kéint d'Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv sinn, esou den Etienne Schneider. Nämlech d'Eropsetze vum Pappecongé vun 5 op 10 Deeg.

AUDIO: Background am Gespréich vum 8.7.2017 - Deel 2

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.