Invité dëse Samschdeg am Background am Gespréich war den den Inneminister Dan Kersch.

Nodeem den Avis vum Staatsrot iwwert d'Ofschafen vun de Kierchefabrike virläit, ass den Inneminister Dan Kersch zefridden a gewëllt säin Text op deene Punkten ze verbesseren, déi de Staatsrot kritiséiert.

AUDIO: Background am Gespréich mam Dan Kersch

Net a Fro gestallt géif d'Konventioun tëscht Regierung an der kathoulescher Kierch, déi net muss duerch d'Chamber an och net a Fro gestallt géif d'Decisioun, datt aus 285 lokalen Kirchenfabriks-Unitéiten eng eenzeg ze maachen: dee neie Fong also.

Fir den Dan Kersch ass d'Regierungsbedeelegung manner wichteg, wéi d'laangfristeg Programmatik vun der Partei. Duerfir missten och d'LSAP-Sektioune gestäerkt ginn. Zu de roude Linnen, déi den Inneminister definéiert, gehéiert z.B. keng weider Baisse vun der Kollektivitéitssteier, mee par contre eng Hausse vum Mindestloun an eng Diskussioun iwwert d'Reduktioun vun der Aarbechtszäit.

D'Stock Options missten dem Dan Kersch no onbedéngt reforméiert ginn, wëll et eng Bevierdeelegung vun enger bestëmmter Kategorie vu Leit wier - duerfir misst fir Gerechtegkeet gesuergt ginn.

Steiergerechtegkeet misst dem Inneminister no och bei der Grondsteier spillen - un enger Reform heivunner gëtt an engem Aarbechtsgrupp geschafft, wou déi nächst Regierung da misst handelen.

Och eng substantiell Hausse vum Mindestloun wär bis d'Wahlen 2018 net méi ze maachen.

D'Reform vun de Rettungsservicer ass dem Inneminister no op de richtege Schinnen; weider géif och op déi Benevol gesat, déi nieft de Professionelle fir d'Protex a Pompjeeë schaffen.

Rekrutementsproblemer ginn et iwwerdeem beim Staat; zesummen mat der CGFP wier Ee sech eens, datt d'Examen missten iwwerduecht ginn. Och gëtt et d'Iddie vun enger Verwaltungsschoul beim Staat während deem éischte Joer Stage.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.