Invitéen dëse Samschdeg am Background am Gespréich waren d'Laura Zuccoli, d'Danielle Martin, d'Blanche Weber an de Vincent Reding.

Dëse Sonndeg si Gemengewahlen. Wéi wichteg sinn dës hautdesdaags an den Ae vu Jonken oder fir Auslänner hei am Land? Wéi steet et ëm den Engagement vu Fraen an der Gemengepolitik a wéi kënnen a sollen d’Gemenge sech opstellen, fir nohalteg ze funktionéieren?

Doriwwer hu mir mam Laura Zuccoli vun der ASTI, dem Danielle Martin vum nationale Fraerot, dem Blanche Weber vum Mouvement écologique an dem Vincent Reding vun der Jugend-Konferenz geschwat.

AUDIO: Background vum 7. Oktober: Thema Gemengewahlen

Wann quasi all Partei sech de Problem vum Logement grouss op de Walkampf-Fändel geschriwwen huet, ass dat net vu Muttwëll. Hei wieren d'Gemengen, zesumme mat der nationaler Politik, méi wéi jee gefuerdert, huet beispillsweis de Vincent Reding gemengt, deen d'Situatioun fir vill Jonker, déi souguer normal verdéngen, als katastrophal beschreift.

Um Wahlsonndeg ginn dann och 34.500 Net-Lëtzebuerger an hire Gemenge wielen. Si hu sech bis de Summer missten an d'Wieler-Lëschten androen. Dat sinn, am Verglach mat der Gesamt-Zuel vu méigleche wahl-berechtegten Auslänner, nach ëmmer relativ wéineg Leit. An do muss géigesteiert ginn, sot d'Laura Zuccoli, firwat och d'Gemengen an der Responsabilitéit stéingen.

Mat 36% sinn d'Frae weiderhin ënnerrepresentéiert op de Wahl-Lëschten. D'Presidentin vum CNFL Danièle Martin huet dofir mat Nodrock eng Quot vu 40% gefuedert, déi, genee wéi bei de Landeswahlen, och fir d'Gemengewahlen misst gëllen.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.