Invité dëse Samschdeg am Background am Gespréich war de Georges Mischo, neie Buergermeeschter vun Esch.

Beim Volet Logement wëll een op subventionéiert Bauprojete setzen oder nach bei neie PAPen op Locatiouns-Wunnenge bestoen. Aner Piste sinn de Bail emphytéotique oder Wunngemeinschaften. Et sinn nach vill Logementsprojeten an der Pipeline.

Dozou gehéieren och d'Arcelor-Mittal-Frichen vun Esch a Schëffleng. Do wëll ee konstruktiv matschaffen an d'Bierger mat abezéien. Virun 2020 wäert een do awer net wierklech ufänke mam amenagéieren.

Wat d'Sozialpolitik betrëfft, war et an der Lescht de Reproche, dass mat Schwaarz-Blo-Gréng zu Esch de Rimm méi enk gezu wäert ginn. Nee, seet de Georges Mischo. Wat entaméiert gouf, bleift. Et wëll een awer net nëmme Sozialpolitik maachen, wéi dat bis ewell de Fall gewiescht wier.

De Georges Mischo wëll awer, dass Esch um Enn net den Office social vum Süden ass. Do missten och aner Südgemengen hir Responsabilitéit huelen an net alles op Esch ofwälzen.

Eng vun den direkte Prioritéiten ass d'Renovéieren an de Bau vu Schoulen a Structures d'Accueil. Och dat géif Esch fir jonk Famillje méi attraktiv maachen. A jonk Famillje wiere gutt fir de lokale Commerce, deen ee grad esou wëll ënnerstëtze wéi Handwierksbetriber oder Start-Uppen.

De Georges Mischo schléisst net aus, d'nächst Joer mat an d'Chamberwahlen ze goen. Prioritéit hätt awer elo emol Esch, wou een als Schäfferot wëll an d'Gäng kommen.

Wat d'CSV betrëfft ass de Georges Mischo iwwerzeegt, dass ee sech nom Depart vum Jean-Claude Juncker gutt erneiert krut.

AUDIO: Background am Gespréich mam Georges Mischo.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.