Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich waren den Yves Kaiser, d’Monique Smit-Thijs, de Paul Weimerskirch an d’Carole Zeimetz.

Mam neie Buergermeeschter vum Kiischpelt, der neier Schäffe vu Bartreng, dem neie Buergermeeschter vu Schëffleng an der neier Conseillère vun Iechternach hu mer iwwer hiren Engagement an der Lokalpolitik geschwat.

AUDIO: Background am Gespréich: Nei Gesiichter an der Lokalpolitik

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.