Invité dëse Samschdeg war d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Ee vun de Sujeten war d'Weltklimakonferenz zu Bonn.

"Mir sinn e gutt Stéck viru komm", dat sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich, nom Ofschloss vun der Weltklimakonferenz zu Bonn. Si wier relativ zefridden.

AUDIO: Extrait Carole Dieschbourg (1)

Engersäits wier genee de Prozess definéiert ginn, fir d'Cop24 nächst Joer a Polen. Ee Prozess vum Dialog, dee sech iwwert déi nächst Méint soll zéien a ganz transparent an inklusiv soll sinn. Wat d'Reegelwierk betrëfft, fir d'Klimaschutzziler aus dem Paräiser Accord ëmzesetzen, wier allerdéngs nach vill Aarbecht, sou d'Carole Dieschbourg. D'EU wier gefuerdert. Mat den USA géif nämlech e wichtege Partner feelen, fir transparent ze sinn an Donnéeë mateneen ze vergläichen. Donieft hätten awer aner wichteg Partner kënne mat an d'Diskussiounen abezu ginn, déi wäerten hëllefen. Et sinn dat déi indigen Vëlker an d'Fraen, déi eng Stëmm an dësem Prozess solle kréien, souwéi Leit, déi sech fir Egalitéit a Mënscherechter asetzen. Ee wichtegt Signal konnt, der Ëmweltministesch no, gesat ginn, an zwar, dass déi Länner, déi ënnert dem Klimawandel leiden, gesinn, dass d'Weltcommunautéit engagéiert ass fir déi international Klima-Finanzéierung a konkret Projeten ze realiséieren.

Ee weidere Sujet war d'Atompolitik. D'Carole Dieschbourg sot an deem Kontext, dass den Ament eng Dynamik an eng Gefor an Europa vu Länner ausgeet, déi probéieren iwwert de Klimaschutz d'Atomkraaft nees attraktiv ze maachen. D'Positioun vu Lëtzebuerg ass an deem Kontext kloer. Et wier elo de Moment komm, aktiv ze ginn an Allianzen ze schafen, ënnert anerem mat Däitschland. Och hei zu Lëtzebuerg misst den Drock op Frankräich elo erhéicht ginn, no der Annonce vum Ëmweltminister Nicolas Hulot, dass d'Atomzentral bei eise franséischen Noper nach soubal net sollen zougemaach ginn.

AUDIO: Extrait Carole Dieschbourg (2)

D'Carole Dieschbourg wëll dowéinst d'nächst Woch e Mëttwoch am Regierungsrot proposéieren, e sougenannt nukleaart Haftungsgesetz auszeschaffen. D'Zil dovun ass, dass d'Lëtzebuerger Residanten och hei am Land kënnen akloen, wann een Accident zu Cattenom sollt geschéien, fir dass mer net zäitlech limitéiert Sue kréien an dës Zommen net gedeckelt sinn. Iwwert de Wee vu Konventiounen, déi Lëtzebuerg net ënnerschriwwen huet, ass dat nämlech den Ament de Fall. Souwuel op Frankräich, wéi och op d'Belsch, kéint een iwwert sou ee Gesetz den Drock erhéijen. Et géif elo drëms goen, den economesche Volet nach méi ervirzehiewen, sou d'Ëmweltministesch an der Emissioun Background am Gespréich.

AUDIO: Background am Gespréich mam Carole Dieschbourg

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.