Invitéën dëse Samschdeg waren den Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister François Bausch a säi Virgänger Claude Wiseler.

An de leschten 30 Joer gouf et hei am Land en enorme Wuesstem an deen ass net esou begleet ginn, wéi et hätt misse sinn. An de lescht 8 Joer sinn 100.000 Leit bäikomm. Tëscht 2018 a 25 sollen et nach emol 100.000 sinn. Bannent 11 Joer sinn 100.000 nei Aarbechtsplazen entstanen, deementspriechend ass d'Zuel vun de Frontalieren an d'Luucht gaangen. Elo muss ëmgeduecht ginn, den Ausbau vun den Infrastrukturen eleng geet net duer, dat sot den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch. Hie war – zesumme mat sengem Virgänger Claude Wiseler, Invité am Background.

Déi Zwee stounge sech an engem Face-à-face vis-a-vis a hu sech a ville Punkte Recht ginn; ausser ob den Ausbau vun der Diddelenger A3 net schonn hätt missen ugepaakt ginn an a Punkto Landesplanung. Do hätt de Minister Bausch bis ewell näischt gemaach, war et d'Kritik vum Claude Wiseler. Deen huet d'Reprochen awer net gëlle gelooss.

Dem CSV-Fraktiounspresident a Spëtzekandidat no gouf sécher näischt an der leschter Legislaturperiod verschlof, hien hätt sech fir vill Infrastrukturprojeten agesat. De François Bausch sot, et wär awer an der Vergaangenheet munches falsch ageschat, Projeten zerriet an net ëmgesat ginn. D'Parteipolitik hätt ze vill dacks eng Roll gespillt, datt et net viru gaange wär. All neie Minister hätt wëllen engem Projet seng Faarf opdrécken. Dat hätt hien net gemaach, mä Sënnvolles an Néideges ëmgesat. Och de Claude Wiseler wär parteiintern dacks isoléiert gewiescht, war et de Constat vum grénge Minister. Deen huet och erzielt, datt eeler CSV-Politiker wéi de Jacques Santer nach bei him intervenéiert sinn, fir den Tram-Projet zum Beispill net ëmzesetzen.

Fir de Verkéiersproblem an de Grëff ze kréien ass bei de Fahrgemeinschaften nach e grousst Potential. Am Februar kënnt e Regierungsprojet, eng Déngschtleeschtungs-Plattform. Et ass e System, dee wéi „Uber“ fonctionnéiert. Mat Geo-Localisatioun schafft a wann een op de Co-Voiturage zréckgräift, soll et an Zukunft och eng finanziell „Belounung“ ginn aus dem Klimafong, huet de Minister Bausch annoncéiert.

D'Diddelenger A3 gëtt jo ausgebaut. Déi 3. Spuer soll an de Spëtzenzäite fir de Bus a Fahrgemeinschafte sinn, do ware sech béid Politiker eens. Op d'mannst 3 Leit missten dann am Auto sëtzen.

Béid Politiker setze fir d'Zukunft op qualitative Wuesstem. Net all Betrib géif Lëtzebuerg eppes bréngen. Do soll een net nach falsch Ureizer ginn an evitéieren, datt ëmmer méi Frontalieren an d'Land kommen.

D'Frontaliers-Iddi vum Etienne Schneider, datt déi sollen een Dag an der Woch vun doheem aus schaffen, huet beim Claude Wiseler fir wéineg Begeeschterung gesuergt. Sou eng Iddi wär ze vill vereinfacht, net serieux.

De Minister Bausch setzt éischter op „Espace de co-travail“. Déi sollen hei am Land sinn, no un der Grenz, zum Beispill op Belval. D'Steierfro géif sech dann och net stellen.

Wéi gesot, Bausch a Wiseler waren an de grousse Linnen enger Meenung. D'Fro deemno no enger méiglecher schwaarz-grénger Koalitioun no de Wahlen d'nächst Joer? Dat wär absolut ze fréi do eppes ze soen, huet de Claude Wiseler gemengt. Déi 3 Gambia-Parteie wäre méiglech Partner.

De François Bausch sot, hie wär nach net am Wahlkampfmodus, dee géif eréischt den 1. September ufänken. Bis dohinner géif hie schaffen a Gas ginn.

AUDIO: Background am Gespréich mam François Bausch a Claude Wiseler

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.