D'Konsequenze vun der Finanzkris op déi „real“ Economie, d'Problemer an d’Ängscht, dat ware just e puer vun de Stéchwierder vun der Background-Sendung.

D’Finanz-Crise ass (also) nach laang net um Enn. Kee Mënsch kann ofgesinn, wéini de weltwäiten Handel nees d’Kéier kritt ... an och net, wéi d’Welt no der aktueller Katastrof ausgesäit. Eent schéngt awer evident: Wann de Finanz-System krank ass, dann huet dat och Repercussiounen op déi «Normal»- oder «Real-Wirtschaft». A just doriwwer hu mir e Samschdeg, den 18. Oktober am Background am Gespréich mam President vun der FEDIL, mam Robert Dennewald, geschwat. Iwwert d’Konsequenze fir di "real existéierend" Économie, iwwert hir Problemer, hir Ängschten an eventuell Chancen. Background am Gespréich mam Robert Dennewald ass de Samschdeg vun 12 bis 13 op RTL Radio Lëtzebuerg gelaf, hei kënnt Dir d'Emissioun nach eemol a voller Längt genéissen.