An der Emissioun Background am Gespréich goung et dëse Samschdeg ëm d’Kannerrechter, de Kanner- a Jugendschutz.

Wéi geet et de Kanner hei zu Lëtzebuerg? Wou ass grouss Nout, wéi gesäit et mat der Bildungsgläichheet oder Ongläichheet aus, u wéi enge Schrauwe muss gedréint ginn? Wéi vill Placementer ginn et? Geet den Encadrement vun de Jonken duer? Wou ginn et do Problemer? Nach sinn d’Kannerrechter net an der Verfassung verankert. Wou ass een do drun?

Doriwwer hu mir dëse Samschdeg mam René Schlechter vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand,
dem Charel Schmit vum Lëtzebuerger Fachverband vun der sozialer Aarbecht an der Barbara Gorges-Wagner vum Kanner a Jugendtelefon geschwat.

AUDIO: De Background am Gespréich vum 2. Dezember

Kanner hunn ee Recht op Fräizäit, esou wéi de Genfer Kannerrechtscomité dat virgesäit, allerdéngs gesäit d’Realitéit net ëmmer esou aus. Kanner sinn haut engem méi héije Leeschtungsdrock ausgesat, do ware sech e Samschdeg de Mëtteg all d‘Gespréichspartner an der Emissioun Background am Gespréich eens. Do stoungen d’Kanner- a Jugendrechter esou wéi och de Kannerschutz am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. D’Bildungsongläichheet, de Mobbing, de Leeschtungsdrock, alles Saachen déi op d’Kanner offierwen, dobäi kënnt de finanziellen Drock vun den Elteren. Virun allem beim Mobbing muss am Schoulsystem eppes geschéien. Dofir de Plaidoyer vun engem Délégué à la bientraitance, deen op lokalem Niveau géif verankert ginn. D'Schoulen an do virun allem d’Grondschoule bréichte flächendeckend een Uspriechpartner fir d’Elteren an d’Kanner. De Moment ass ee Gesetzprojet ënnerwee, deen ee sougenannte Mediateur scolaire virgesäit, ma fir d’éischt misst awer um lokale Plang diskutéiert ginn, war et d’Fuerderung.

Kritik gouf et dann och un der Manéier, wéi den Ament um neie Jugendgeriichtsgesetz geschafft gëtt. Do nämlech feelt et un enger Fachdebatt, well déi déi dat Gesetz am meeschte betrëfft, d’Kanner an d’Elteren, net mat involvéiert sinn. Keng Etude huet hir Meenung gefrot.

Een anere Sujet um Samschdeg Mëtteg waren d’Placementer. Hei géif ee Risiko bestoen, datt déi banaliséiert ginn. Deemnowéi géifen d’Placementer als Drockmëttel genotzt ginn. De leschten Zuele vum ONE, dem Office national de l’enfance, no, goufen op den 1. Oktober vun dësem Joer e bësse méi wéi 1.300 Kanner placéiert. Do allerdéngs si just d’Institutiounen, déi ënnert den ONE falen, berécksiichtegt.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.