"Escher Defaite huet mer déck gedoen"
An der Emissioun "Background am Gespréich" ware dëse Samschdeg de fréieren LSAP-Ausseminister.
Mat him hu mer ënnert anerem iwwert d'Situatioun vun der sozialistescher Aarbechterpartei geschwat.
Donieft goung et ëm déi international Politik. Virop ëm déi ëmstridden Decisioun vum US-President Trump, Jerusalem unilateral als israelesch Haaptstad unzëerkennen. Aner Sujete waren Nordkorea an een Dag virum 10. Dezember natierlech och d'Mënscherechter.
Aus dem Background
"D'Defaite vun der LSAP zu Esch bei de Gemengewahlen huet mer ganz déck gedoen", dat sot de laangjärege sozialistesche Minister Jacques Poos am éischten Deel vun der Emissioun "Background am Gespréich". 6 Sëtz amplaz vun 9, dat wier eng Iwwerraschung gewiescht, ma d'Ursaachen hätt een antëscht erfuerscht. De fréieren Ausseminister schwätzt ënnert anerem vun enger gewësser Pendelbeweegung am ganze Land géint d'LSAP. Och zu Esch hätten d'Sozialiste Stëmme verluer. En Trend also géint d'LSAP. Donieft huet de Jacques Poos spezifesch e Manktem un Ënnerstëtzung vum Tageblatt kritiséiert. Ma d'LSAP hätt och awer och net genuch nei Gesiichter op der Lëscht gehat. Déi nei Gesiichter bräicht ee lo onbedéngt fir d'Chamberwahlen.
D'LSAP misst och net an d'Oppositioun goen, fir sech z'erneieren, fënnt de Jacques Poos. D'sozialistesch Partei kéint dat scho virun den nächste Wahle maachen.
An da misst e gudde Wahlprogramm ausgeschafft ginn. De Jacques Poos huet eng konkret Iddi wéi dee muss ausgesinn.
D'Decisioun vum Donald Trump fir Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, nennt de Jacques Poos - Zitat - "en onsënnegen Akt". D'Leit, déi an der Suite dovunner hiert Liewe loosse géifen, géifen op de Kont vum Donald Trump goen.
D'Léisung hätten d'Europäer net an der Hand, sou de fréieren Diplomatiechef. Et wier ze fäerten, datt Europa net vill beweege kann. Wat wichteg ass, datt un den UNO-Resolutiounen an un der Zwou-Staate-Léisung festgehal gëtt.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.

De Jacques F. Poos am "Background am Gespréich" vum Dany Rasqué.