An der Emissioun "Background am Gespréich" dëse Samschdeg war de Staatsminister Xavier Bettel.

AUDIO: Resumé Background am Gespréich / Danielle Goergen

"Den Zukunftspak war eng richteg Decisioun an huet et der Regierung erlaabt eng Steierreform ze maachen, d'Staats-Schold gouf ofgebaut, nach ni gouf esouvill investéiert an d'Land steet gutt do!", dat sot de Staatsminister Bettel e Samschdeg de Mëtteg an der RTL-Emissioun Background am Gespréich.

De Mindestloun wäert net gehéicht ginn, well dëst net am Koalitiounsaccord steet, sou de liberale Premier, deen och op méiglech Repercussiounen op d'Kompetitivitéit verwisen huet. All Minister wier awer fräi eegen Iddien ze formuléieren, sou wéi et op dësem Punkt jo och den Aarbechtsminister Schmit gemaach huet.

D'Regierung géif weider op qualitative Wuesstem setzen, sou de Staatsminister, deen net verstoppt, datt Immobilitéit an Stauen e Problem fir d'Economie duerstellen. Stéchwuert Teletravail mat engem neie Projet op Esch-Belval, deen d’nächst Joer a Shared-Space-Bureauen ufänkt.

Dezentral schaffen an d'Frontaliere schonn bei de Grenzen opfänken, dëst wiere Pisten, déi een dem Xavier Bettel no misst goen.

Wa Google op Lëtzebuerg kéim, kéint dëst eng Wierkung vun engem Magnéit op aner grouss Acteuren aus deem Internet-Domaine hunn, sou de Kommunikatiounsminister, deen nach eemol kloer gemaach huet, datt d'Decisioun ze kommen oder net, eenzeg an alleng bei Google läit. Speziell Prozeduren an Extrawurschte géifen et keng ginn.

Och d'Finanzpolitik gouf an der Emissioun ugeschwat: Wat de System vun de Stock-Options ugeet, wier am Fall vun Abuse geraumt ginn, sou de Premier Bettel, dee sech Reformen net verschléisst.

D'Stëmmung am Land ass fir de Staatsminister positiv, deen net ëm d'sozial Kohäsioun fäert, ënner anerem duerch d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

AUDIO: Background am Gespréich vum 16. Dezember mam Xavier Bettel

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.