An der Emissioun "Background am Gespréich" dëse Samschdeg war de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo den Invité.

De Mars Di Bartolomeo ass also nach emol prett, mat an déi nächst Chamberswahlen ze goen.

De Chamberspresident e Samschdeg Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Hie géif net untrieden, fir herno op der Oppositiounsbänk ze sëtzen. D’Zil wier kloer, d’LSAP soll an der Responsabilitéit bleiwen.

Spëtzekandidat vun de Sozialiste wéilt hien net ginn. Hie fënnt d’Iddi vum Ausseminister Jean Asselborn sympathesch, dass den Etienne Schneider déi Roll sollt iwwerhuelen.

AUDIO: Mars Di Bartolomeo iwwer de Spëtzekandidat bei der LSAP

Ganz sympathesch fënnt de Mars Di Bartolomeo och d’Petitioun iwwert den Tiers payant, déi den Ament scho vu ronn 7.000 Leit ënnerschriwwe gouf an de 26. Februar ëffentlech an der Chamber wäert debattéiert ginn.

AUDIO: Mars Di Bartolomeo iwwer d'Chamberwahlen

De fréiere Santé- a Securité sociale-Minister fënnt, dass wann de politesche Wëllen do wier, fir den Tiers payant auszebauen, dass dann iwwert d'Konventioun eng Diskussioun mat der Doktesch-Associatioun soll gefouert ginn. Kënnt een do net wieder, da wier déi politesch Responsabilitéit gefrot, an déi hätt d’Méiglechkeet, d’Gesetz entspriechend ze änneren. Den Ament ass de Remboursement iwwert d’CNS jo de Prinzip, an den Tiers payant d’Exceptioun. Sollt esou e Changement ugestrieft ginn, mengt de Mars Di Bartolomeo, dass dat awer e puer Méint géif daueren, firwat et och gutt méiglech wier, dass et e Wahlkampf-Sujet wäert ginn.

Duerch déi ëffentlech Petitiounsdebatt misste sech awer d’Parteien deen Ament och kloer derzou oder dogéint positionéieren. A grad dat wier e wichtegen Deel vum Matbestëmmungsrecht vun de Bierger.

AUDIO: Mars Di Bartolomeo iwwer d'Petitiounen

Net hannerunn sech, mä virun sech hunn d'Deputéiert jo d'Chamberswahlen am nächsten Hierscht.
De Chamberspresident fënnt awer net dass een elo schonn eng Zorte Opbroch-Stëmmung ënnert den Deputéierten breed mécht, an dass just nach en vue vun de Wahlen géif geschafft ginn.

AUDIO: Mars Di Bartolomeo iwwer d'Chamberwahlen

Fir de Chamberpresident gëtt an der Chamber serieux geschafft. Hien ass regelméisseg an de Kommissiounen opgetaucht, fir ze kucken, wat an deene Kommissioune geschitt. An do gëtt exemplaresch geschafft. Ausserhalb vun der Chamber kënnt lues a lues déi Wahlstëmmung op, wat och dozou gehéiert. Wichteg ass elo, datt sech déi eenzel Partei kloer positionéieren a Kloertext schwätzen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Mars Di Bartolomeo

Rezent war den éischte Bierger vum Land an der Chamberkommissioun iwwer de Logement. Eng Zauberfomel, fir den deierer Wunnengspräisser entgéint ze wierken, gëtt et jo net, dofir wier déi Diskussioun, déi schonn zanter Woche preparéiert gëtt, eng vun de wichtegste fir d'Zukunft vum Land, mengt de Mars Di Bartolomeo, och well d'Wunne fir Jiddereen an der Verfassung verankert gëtt. Domadder gëtt d'Politik sech d'Obligatioun, fir souwuel an dem Beräich vun de Sozialwunnengen, mä och am Beräich vum bezuelbare Wunnraum riseg Efforten ze maachen.

AUDIO: Mars Di Bartolomeo iwwert de Logement

Dat beispillsweis doduerch dass d'Gemengen vun hirem Virkafsrecht-Recht gebrauch maache., dass de Staat sech engagéiert, fir zousätzlech Terrainen ze kréien, oder duerch méi e raisonnabelt urbanistescht Bauen.

Background am Gespréich mam Mars Di Bartolomeo
„Jo, ech si voll motivéiert, fir nach emol matzegoen!"

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.