Diesel a Benziner stierwen net esou séier aus
Mir hunn de Bols an der Autobranche gefillt an hu mam Coordinateur vum House of Automobile Ernest Pirsch geschwat.
Ronn een Drëttel vun de Ventë vum Joer ginn um Autofestival oder kuerz duerno gemaach. Et ass de grousse Rendez-vous vum Joer fir d'Lëtzebuerger Garagisten, seet den Ernest Pirsch, Coordinateur vum House of Automobile. Hie war um Samschdeg Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
De Client wier haut vill besser informéiert wéi soss a kéim scho mat präzisen Iddien an de Garage.
Wat d'Karrosserieform ugeet, sou leien nach ëmmer SUV'en a Kombie voll am Trend.
Zejoert um Festival hätt een awer gemierkt, datt d'Clienten onsécher gi sinn, wat de Choix vun der Motorisatioun ugeet, wéinst dem Diesel-Skandal. Am House of Automobile goufen et dofir Formatioune fir d'Vendeuren, fir d'Leit optimal an objektiv ze beroden, esou de Vertrieder aus der Lëtzebuerger Automobilbranche
Wéi d'Autofueren 2030 ausgesäit, do wëll den Ernest Pirsch sech net festleeën, hien hätt keng Kristallkugel. D'Richtung hin zur Elektromobilitéit wier kloer ageschloen an et wieren enorm Efforte gemaach ginn. Ma déi thermesch Moteure wieren awer ganz sécher net vun haut op muer dout a se wieren och no 2030 nach do, seet de Coordinateur vum Automobil-Haus, fir deen och den Hybridmoteur déi nächste Joeren eng wichteg Roll wäert spillen.
D'Defie vun engem Garagist wiere muer anerer ewéi haut, esou nach den Ernest Pirsch. D'Elektromobilitéit an dat autonoomt Fuere géinge grouss Erausfuerderunge mat sech bréngen.
RTL-NEWS: De groussen Autofestival-Dossier ass online
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.