D'industriell Federatioun FEDIL huet 100. Anniversaire gefeiert. Hiren Direkter war e Samschden den Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Invité an der Emissioun Background am Gespréich war de René Winkin, den Direkter vun der Industriellefederatioun, eng FEDIL, déi dës Woch 100. Anniversaire gefeiert huet.

An der aktueller Wuesstemsdebatte ass et fir de René Winkin kloer, dass et Wuesstem muss ginn. D'Haaptfro wier, wéi ee Wuesstem. Et kéint net esou weider goen, dass de Wuesstem nëmmen iwwert d'Hausse vum Emploi kënnt. Dat wier een Auslafmodell. De Wuesstem misst méi produktivitéitsgedriwwe sinn.

Et sollt een also no Betriber sichen, déi een héije Méiwäert hunn, ouni dass en enorme Plus u Leit d'Spiral vum Logementspräis an dem Verkéierschaos weider acceleréiert. Et wieren also héich automatiséiert Betriber, déi d'Land brauch. Stéchwuert Digitalisatioun. De Rifkin-Prozess wier do de richtege Wee.

Do gëtt dacks gefaart, dass et op Käschte vun Aarbechtsplaze geet. Et wier kloer, dass an Zukunft am Betrib vill Saache wäerten anescht gemaach ginn.

Do géif de Modell vum „ maintien dans l'emploi“ am Betrib oder tëscht Betriber wichteg ginn. Déi concernéiert Salariéeë missten awer fréi genuch virbereet ginn op dat, wat kënnt. Nëmmen esou kéint een de Wee iwwer ee Sozialplang riicht eriwwer bei d'ADEM an déi respektiv Käschten evitéieren.

Der FEDIL hiren Direkter bedauert dann, dass heiheem vill Jonker sech net méi genuch fir Industrieberuffer interesséieren. Et géif eng reegelrecht Penurie u qualifizéiertem Personal ginn.

Wat d'Erwaardung an déi aktuell Regierung betrëfft, hofft de René Winkin dass et, wat de Wahldag méi no kënnt, keng Derapage gëtt, déi engem duerno leed dinn an ze deier ze stoe kommen.

AUDIO: Background am Gespréich mam René Winkin

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.