De President vun der Cour supérieure de Justice a vum Verfassungsgeriicht Jean-Claude Wiwinius war e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Eppes méi wéi 3 Wochen no de Cassatiounsuerteeler an der Luxleaks-Affär war e Samschdeg dee Mann Invité am Studio, deen déi Uerteeler gesprach huet. Mam Jean-Claude Wiwinius, President vun der Cour supérieure de Justice a vum Verfassungsgeriicht, hu mer iwwert d'Bild vun der Justiz an der Gesellschaft diskutéiert an iwwer Chantieren a Problemer vun der Justiz.

AUDIO: Background am Gespréich mam Jean-Claude Wiwinius

Donieft goung et och nach ëm d’Onofhängegkeet vun der Justiz. Dobäi ass de Jean-Claude Wiwinius op d'Fro agaangen, ob op deem Plang zu Lëtzebuerg alles a Botter ass. Hien huet dunn u seng Untrëttsried vu viru knapp annerhallwem Joer als ieweschte Riichter vum Land erënnert. Hei hat de Jean-Claude Wiwinius op Mëssstänn an anere Länner opmierksam gemaach. Deemools waren 3.000 Kollegen an der Tierkei entlooss ginn an deels an de Prisong gesat ginn, an den USA wou de President bei Uerteeler, déi ëm net gefalen, d'ganz Justiz erof mécht an och a Polen an a Rumänien ginn et vill Mëssstänn.

AUDIO: Extrait Jean-Claude Wiwinius (1)

Donieft war et d’Fro un de President vun der Cour supérieure de Justice a vum Verfassungsgeriicht, ob et genuch Nowuess fir d’Magistratur oder do Problemer gëtt. De Jean-Claude Wiwinius konnt do mat engem kloren Nee äntweren. Zanter 2-3 Joer huet een nees genuch Leit, déi sech op déi Plaze mellen.

AUDIO: Extrait Jean-Claude Wiwinius (2)

De Jean-Claude Wiwinius huet dobäi op d'Fro, wéi haart et hien a seng Kollegen trëfft, wa Leit soen, si hätte kee Vertraue méi an d’Justiz, dat heite geäntwert: Dat gefält eis net, well mir och der Meenung sinn, datt et hei zu Lëtzebuerg keng Ursaach gëtt fir kee Vertrauen an d'Justiz ze hunn. Ech menge mir versichen och Onofhängeg ze sinn a mir sinn et och.

AUDIO: Extrait Jean-Claude Wiwinius (3)

De President vun der Cour supérieure de Justice a vum Verfassungsgeriicht hat doriwwer eraus och eng kloer Äntwert op d’Fro, ob et fir hien normal ass, dass et an der Lescht zu sou ville Gäng op d’Cour de cassation kënnt. Dat bedeit jo, dass Affekoten oder hir Cliente fannen, dass d’Recht an zweeter Instanz net richteg applizéiert oder souguer violéiert gouf. De Jean-Claude Wiwinius stellt hei fest, datt d'Zuel vun de Cassatiounen zouhëlt, awer net well falsch decidéiert gëtt. 2017 hat een 60 Affaire penalen an hei gouf eng casséiert. De Grond war awer net well eppes falsch decidéiert ginn ass, mä well an der Cour d'appel eng Persoun vergiess gi war geruff ze ginn.

AUDIO: Extrait Jean-Claude Wiwinius (4)

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.