Den Europadeputéierte Charel Goerens war e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Wat bréngen dem Kommissiounspresident seng Iddie fir méi Matbestëmmung a wat wier de Virdeel vu Lëschten, déi iwwert d'Landesgrenzen eraus ginn? Ënnert anerem dat hu mir de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens gefrot. Mam fréiere President vun der Demokratescher Partei hu mir awer och iwwer national Politik, virop mat der Fro, wéi zefridden hie mat der Aarbecht vu senger Partei ass, geschwat.

De Charel Goerens begréisst d'Propose fir méi Matbestëmmung an der europäescher Unioun, déi de Kommissiounspresident Juncker an der Woch gemaach huet.

Am Background am Gespréich sot de liberalen Europadeputéierten, datt déi proposéiert Fusioun vum Conseils- a Kommissiounspresident eng elegant Propose ass, fir ze soen, datt de Poste vum Conseil européen net un eng Persoun muss gebonne sinn.

De Charel Goerens huet awer och betount, datt mer en Europa musse kréien, dat méi lisibel ass, dat ee besser versteet, wou een d'Entscheedungsprozesser éischter novollzéie kann a wat méi transparent ass.
Dodrunner géif geschafft, et géif net séier genuch goen, mä et géif een awer viru kommen.

Wat déi transnational Lëschte fir d'Europawahlen ugeet, ass de Charel Goerens iwwerzeegt, datt dat eng Méiglechkeet ass, fir e ganz klengt Stéck aus deem "compartimentéierten" Denken vun 28 Entitéiten erauszekommen.

AUDIO: Background am Gespréich vum 17. Februar

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.