... ma d'Gestreits geet weider. De Süden – d'Entwécklung am Minett – war dëse Samschdeg eist Thema am Background am Gespréich mat 3 Buergermeeschteren.

De geplangte Contournement zu Käerjeng war een Thema e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun "Background am Gespréich" iwwert de Süde vum Land mat 3 Buergermeeschteren: dem Roberto Traversini vun Déifferdeng, dem Georges Engel vu Suessem an dem Michel Wolter vu Käerjeng.

Contournement bleift kontrovers

Et bleift derbäi, datt Suessem sech weider géint dee Contournement wiert. "E bréngt näischt, léisst de Problem net", huet de Georges Engel gemengt. Hie vermësst eng global Léisung fir de ganze Süd-Westen.

AUDIO: Background am Gespréich mat 3 Buergermeeschteren

De Michel Wolter huet guer kee Versteesdemech fir déi Positioun. De Contournement wär Deel vun engem Puzzle an natierlech missten nach aner Deeler kommen, zum Beispill zu Dippech e Contournement. Hätt Käerjeng sech esou bei der Collectrice du Sud virun iwwer 35 Joer gewiert an op eng global Léisung gewaart, da géif haut nach de Verkéier duerch d'Dierfer op Esch tuckeren, sou de Michel Wolter. Et misst een aus dem Nimby erauskommen, huet de Käerjenger Buergermeeschter gemengt, an et misst een dem Noper och kënnen hëllefen. Fir de Roberto Traversini geet d'Gesondheet vun de Leit och vir am Verglach mat enger Natura2000-Zon. D'Kompensatioun fir sou eng Strooss wär awer ganz wichteg.

16. Mäerz am Regierungsrot - Merci!

De Michel Wolter huet annoncéiert, datt et awer egal wéi mam Contournement konkret gëtt. Dee géif de 16. Mäerz an de Regierungsrot kommen an déi Woch drop an der Chamber deposéiert ginn. De François Bausch hätt eppes versprach a géif dat halen. Respekt an tipptopp, sou huet de Michel Wolter dem gréngen Nohaltegkeetsminister Merci gesot.

ProSud: Vun 3 Leit wëllen 2 net matenee schwätzen ...

De Roberto Traversini gëtt jo neie President vum Gemengesyndikat ProSud. 11 Gemenge sinn do dran. De ProSud kéint wichteg sinn, seet de Michel Wolter, hien hofft op den neie President. Dee sot, datt déi intern Ierfschaft mol misst gekläert ginn. 3 Leit Personal hätt de ProSud, zwee hätte keng Loscht mateneen ze schwätzen. Dat wär net einfach. Et géif vill ze maache ginn.

Käl huet jo nees seng Bedenke formuléiert, datt een net zefridde wär mam Syndikat. Wa Käl wierklech wéilt goen, da sollt een se zéie loossen, huet de Roberto Traversini geäntwert. Europa géif och verdroen, datt England d'EU verléisst.

Kulturhaaptstad: Kloerheet Enn Mee

Op Esch Kulturhaaptstad 2022 ugeschwat, do ass Käerjeng jo nach méi skeptesch. De Michel Wolter ass den Ament "neutral positiv", vermësst awer Detailer beim Konzept an och wat et finanziell d'Gemenge kascht. D'Zäit drängt, sot och de Suessemer Georges Engel, och wa seng Gemeng scho méi decidéiert ass. De Roberto Traversini sot, Enn Mee misst a wäert kloer sinn, wéi eng Gemeng matmécht. Ëmmer d'Messer op d'Broscht setzen, Drock maachen, géif och net hëllefen.

Industrie an Nimby*

Wéi eng Industrie brauch Lëtzebuerg? Wéi eng Industrie de Süden? Déifferdeng a Käerjeng wiere sech jo géint eng Steewollfabréck. De Michel Wolter begréisst, datt déi Diskussioun elo gefouert gëtt.

D'Land misst sech en objektive Katalog ginn, fir datt den Nimby ewechkënnt. De schwaarze Buergermeeschter ass do op der Säit vun der grénger Ëmweltministesch. Energie an Transport missten nu mol och consideréiert ginn. An d'Gemenge missten am Virfeld vu sou Diskussioune méi matagebonne ginn.

Politik: Allen 3 och national!

Déi 3 Deputé-Mairë wëllen allen 3 weider och national Politik maachen, ginn also mat am Oktober an d'Chamberwahlen. Politik géif him Spaass maachen, seet de Michel Wolter. Hie war 10 Joer Minister, dat wier also keng Mussesaach. Hien hätt haut e ganzt gutt Liewen. E géif awer net "ni" soen, net wéi deemools den Här Bettel.

De Georges Engel wëll och weider national aktiv sinn. De rouden Deputé-Maire ass vun der Regierungsaarbecht iwwerzeegt a kéint sech och do virstellen mat ze gestalten.

De Roberto Traversini huet och seng Kandidatur fir op déi gréng Lëscht gestallt. Mä bei deene Grénge géif jo de Programm virun de Kandidate gestëmmt ginn.

* Akronym fir "Not In My Back Yard", also net bei mir ...

VIDEO: De Süden am Fokus - de Background am Resumé
3 Buergermeeschteren hunn diskutéiert: de Roberto Traversini vun Déifferdeng, de Georges Engel vu Suessem an de Michel Wolter vu Käerjeng.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.