Den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden war e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

D’Lëtzebuerger Filmindustrie an den nationalen, wéi internationalen Engagement vum Filmfong war dëse Samschdeg e Sujet an eiser Emissioun Background am Gespréich. Invitée war den Direkter vum Fong, de Guy Daleiden.

Als Etablissement public stinn dem Filmfong ronn 100 Milliounen Euro während engem Zäitraum vun 3 Joer zur Verfügung, fir déi national Film-Landschaft ze ënnerstëtzen. Dat geet souwuel iwwert Promotioun, Hëllefe fir Dréibicher ze schreiwen oder carrément via Produktiouns-Aiden.

AUDIO: Extrait Guy Daleiden (Dréibuch)

Fir d'Lëtzebuerger Produzenten wier et alleng carrément net méiglech déi noutwendeg finanziell Mëttelen opzebréngen, ouni déi néideg Ënnerstëtzung. De Secteur hätt sech an de leschte Joren doduerch gutt entwéckelt an haut kéint een vun 1.000 bis 1200 Aarbechtsplaze schwätzen. Dat wier och de Verdéngscht eben vun der Entwécklung vum ganze Secteur.

AUDIO: Extrait Guy Daleiden (Jonker am Film)

Rentabel sinn déi Investitiounen awer net, gëtt de Guy Daleiden zou. Virun allem bei lëtzebuergesche Produktioune wieren d’Käschte quasi ëmmer vill méi héich, wéi dat wat een erauskritt. Ouni déi finanziell Hëllef vum Filmfong géif de Secteur de facto also net iwwerliewen.

Dat wier awer en europäesche Phänomen. Ouni staatlech Ënnerstëtzungen géif et keen europäesche Kino méi ginn.

AUDIO: Extrait Guy Daleiden (Kino)

Wat rezent Kritiken uginn, déi gesot hunn dass de Comité de sélection vum Filmfong zimlech onduerchsichteg wier, no wéi enge Critèren d’Projeten erausgesicht ginn, déi eng Hëllef kréien, sot de Guy Daleiden, dass et sou Kritiken ëmmer nees géif ginn.

Déi 5 Leit am Comité géifen no subjektive Critèren decidéieren. Et wier normal, dass et wéineg bis keng objektiv Critèren gëtt, virun allem reng beim Zeenario.

D’Decisiounen am Comité géifen awer an den allermeeschte Fäll mat héije Majoritéite getraff ginn.

AUDIO: Extrait Guy Daleiden (Comite de Selection)
AUDIO: Background am Gespréich mam Guy Daleiden

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.