Dräibuer muss verbessert ginn
De Justizminister war e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.
Dräibuer muss verbessert ginn, ier d'Dier vum Prisong zu Schraasseg fir Mannerjäreger zu 100 % zougemaach ka ginn, dat sot de Justizminister bei eis an der Emissioun Background am Gespréich. De grénge Minister fënnt et net fir zoulässeg, wéi e sot, datt Jonker, déi vun doheem fortlafen, nieft Klengdeliquenten a bis zu Mäerder a mannerjärege Vergewalteger op enger Plaz regroupéiert ginn. Datt déi zouen Unité de sécurité nieft den normale Foyer fir Jongen op Dräibuer komm ass, hätt hien als Oppositiounsdeputéierte scho skeptesch gesinn.
Wat d'Reform vum Scheedungsrecht ugeet, versteet de Minister, datt d'Leit eng kloer Erwaardungshaltung vun der Regierung an dem Parlament hunn, datt no 20 Joer do endlech eppes geschitt. De Wëllen wier bei alle Fraktiounen, fir Neel mat Käpp ze maachen. Duerfir ass de Felix Braz och zimlech optimistesch, datt d'Scheedungsgesetz nach virun de Walen duerch d'Chamber geet.
Obwuel e lo als Spëtzekandidat op der Südlëscht nieft dem Josée Lorsché designéiert ass, bleift de Felix Braz derbäi, e Justizminister hätt net zu allem säi Pefferkär bäizeleeën. Wann dat deen een oder aneren Nodeel an der Communicatioun mat sech bréngt, géif hien dat assuméieren.
Lëtzebuerg ass a Punkto Schutz vu Lanceurs d'alerte net méi schlecht opgestallt wéi d'Ausland, seet de Justizminister. De Grand-Duché wier eent vun de rare Länner an der EU, dat zanter 2011 e Gesetz iwwer Whistleblowing huet. E Schutz, deen am Kader vun der Luxleaks-Affaire och elo vun de Geriichter unerkannt gouf. Dem grénge Minister no bleift nawell Spillraum, fir d'Gesetz ze verbesseren. Et géif un engem Gesetzprojet geschafft. Ob deen nach virun de Chamberwahle kënnt, konnt de Felix Braz haut net soen.
Déi sougenannte Chamberleaks-Affaire wollt de Justizminister am Fong net kommentéieren. Just sou vill. Et misst een d'Journalisten, déi d'Sécherheetsfaille ëffentlech gemaach hunn, net virum Chamberpresident schützen. Dem Mars di Bartolomeo hätt net d'Intentioun gehat, fir Drock ze maachen. Der Chamber wier vum Gesetz hir och guer näischt aneres iwwreg bliwwen wéi d'Faiten ze denoncéieren, well et sech hei ëm e potentiellen Delikt handelt.
Déi Gréng peile bei den nächste Walen 8 Sëtz hunn. Dat heescht zwee méi wéi haut. Am Süden hätt een schonn e puer mol deen drëtte Sëtz verpasst. Dee wëll een dës Kéier endlech kréien, sou de Spëtzekandidat vun der grénger Südlëscht. Eng Koalitiounsausso gouf et, wéi erwaart, vum Felix Braz net. Déi dräi Regierungsparteien hätten gutt ënnert enee geschafft, ma natierlech wier d'CSV eng Partei, mat där déi Gréng eng Koalitioun forméiere kënnen. Dat wier guer keng Fro.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.