De Staatsminister war um Ouschtersamschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

De Xavier Bettel ass motivéiert, weider Premier ze bleiwen a seng Aarbecht weiderzemaachen, dat sot hien um Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich. Ee Saz koum awer bal wéi ee Mantra erëm, an zwar „De Wieler decidéiert“.

AUDIO: Background mam Xavier Bettel / Reportage Anne-Sophie Heck

Et géif dann no de Wale virop ëm den Inhalt goen, ëm ee Koalitiounsprogramm a een zukünftege Koalitiounsaccord. Inhalter viru Persounen also, dat wier net bei jidderengem de Fall, seet de Premier.

Lëtzebuerg géif et besser goe wéi virun der Gambia-Koalitioun. Et wieren awer nach eng Rutsch oppen Dossieren do, och wann an dëser Regierungsperiod scho vill gemaach gi wier. Et misst een nach un der Mobilitéit schaffen, un der Familljepolitik an un de Schoulen. Dës Dossiere géif een héchstwahrscheinlech och am Walprogramm vun der DP erëmfannen.

Een anert Thema war d'Lëtzebuerger Sprooch an do war et fir de Premier kloer: Méi Lëtzebuergesch heescht net manner Méisproochegkeet. Et war dann och un d'ADR an un de Fred Keup de Rot, datt een d'Land net deele soll.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel (1)

Sproch wier net a Gefor, betount de Premier weider. Ganz am Contraire, och wann et do nach vereenzelt Problemer ginn.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel (2)
AUDIO: Background am Gespréich mam Xavier Bettel

Stéchwuert Wuesstem an nei Entreprisen. A puncto Jughurtsfabrik wiere Critèren do, déi hätt ee sech ginn, déi géife kontrolléiert ginn an d'Betriber misste sech dorunner halen. Se kéinten net op eemol geännert ginn, elo wou d'Prozedur schonn am Gaangen ass, sot de Xavier Bettel weider. Dat géif och den Investisseuren ee schlecht Bild vu Lëtzebuerg ginn.

Et misst ee sech trotzdem d'Fro stellen, ob déi Critèren déi richteg sinn: „Mir hunn nëmmen eng Natur, an déi kritt een net am Supermarché ze kafen. Dofir ass et wichteg, datt een de richtegen Equiliber fënnt tëschent 'wat et eis bréngt' a 'wat et bei der Ëmwelt net méi gutt maache kann'.“ Am Wahlprogramm vu senger Partei géif een och drop hiweisen, wa verschidde Saachen net gutt wieren. Fir equilibréiert ze wuessen, géifen et déi nei Plan sektorielle ginn. An dräi bis véier Woche wiere se am Regierungsrot.

De Xavier Bettel am Background
De Premier huet do iwwer d'Walen a méi schwiereg Dossiere geschwat

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.