De 7. Abrëll geet et an der Emissioun Background am Gespréich ëm lauter Sujeten, déi de Chômage betreffen. Mir sichen do nach Gespréichspartner.

Mir sichen am Kader vun de Preparative vun der Emissioun “Background am Gespréich” eng Persoun, déi vum Jugendchômage concernéiert ass a bereet wier, doriwwer ze schwätzen.

Sidd Dir grad mat der Uni fäerdeg oder hutt Äre Lycée ofgebrach a sicht elo eng Aarbecht, da mellt Iech bei eis fir een Interview am Kader vum Reportage an hannerloosst Är Coordonnéeën.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.