De 7. Abrëll goung et an der Emissioun Background am Gespréich ëm lauter Sujeten, déi de Chômage betreffen.

An der Emissioun gouf zueleméisseg de Point gemaach. De Chômage ass zënter ronn 4 Joer an der Baisse a louch elo am Februar bei 5,7%, trotzdeem hu mer den Niveau vu virun der Kris nach net erreecht.

Déi perséinlech Schicksaler hannendru maache kloer, wat et bedeit, keng Aarbecht ze hunn. Mat Temoignage gouf versicht, déi Kategorien ze beliichten, déi besonnesch betraff sinn, dat sinn zum Beispill Jonker, déi d'Schoul ofbriechen, Salariéen, déi mat Enn 50 op eemol op der Strooss landen oder nach Leit, déi de Statut vum Handicapéierten hunn an zum Beispill géint Viruerteeler ze kämpfen hunn.

Mir hunn op der ADEM nogefrot, wat d'Defie sinn an op wat fir eng Offer déi Concernéiert kënnen zeréck gräifen.

Um Enn vun der Emissioun gouf mam Aarbechtsminister de Point gemaach. Den Nicolas Schmit stellt eng positiv Evolutioun fest, d'Erausfuerderunge wieren awer grouss an et dierft een net ophalen, d'Anti-Chômage-Moossname permanent unzepassen.

AUDIO: Background - 1. Deel (7.4.2018)
AUDIO: Background - 2. Deel (7.4.2018)

Vum Background Spezial gëtt et dës Kéier kee Replay am Video.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.