De President vum Verwaltungsgeriicht war eisen Invité e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

De President vum Verwaltungsgeriicht war e Samschdeg de Mëtteg Invité an der Emissioun Background am Gespréich, an där et ënner anerem ëm dem Geriicht seng Roll am Justizapparat goung. Dobäi ass de Francis Delaporte op d'Fro agaangen, wat hien zum haidege Fonctionnement vum Verwaltungsgeriicht, Tribunal a Cour, géif soen:

AUDIO: Extrait Francis Delaporte (1)

Donieft war et d’Fro un de President vun der Cour administrative, ob d’Riichter vun Tribunal a Cour dann net emol op Krichsfouss matenee stinn, wann d’Cour Uerteeler vum Tribunal iwwert de Koup gehäit:

AUDIO: Extrait Francis Delaporte (2)
AUDIO: Background am Gespréich mam Francis Delaporte

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.