"Kapituléiert net virum Ëmweltministère"
Dëse Samschdeg war de Landwirtschafts- a Konsumenteschutzminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
Nee hie géif net virum Ëmweltministère kapituléieren. Dat sot um Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. Hannergrond sinn Mesuren, déi d’Baueren net frou maachen, wou si sech als Affer vum Wuesstem gesinn. Zum Beispill bei de Kompenséierungsmesurë fir Biotoper, wou de Bauer säin Terrain muss hierginn.
De Landwirtschaftsministère hätt zesumme mat den anerer Ministèren ee Konzept vu Kompenséierungen ausgeschafft, do zum Beispill mat de Poolen oder och nach d’Gérance méi professionaliséiert mam Office national du Remembrement.
Hie géif awer verstoen, wann d’Baueren géife kritiséieren, de Wuesstem géif op hirem Réck geschéien. Den Drock op d’Land an de Buedem wier grouss, duerch d’Wunnengen, déi musse gebaut ginn, an och der Implantatioun vun de Betriber. Ma et géif een am Interêt vun de Baueren an der Ëmwelt agéieren.
Wat elo d’Biolandwirtschaft ugeet, géinge sech déi konventionell Baueren nach ëmmer schwéier doen ,op d’biologesch Landwirtschaft ëmzeklammen, esou de Fernand Etgen. Et misst een do awer net vum béisen a gudde Bauer schwätzen a kategoriséieren. Lëtzebuerg hätt gutt Produiten.
Op d’Walen am Oktober ugeschwat, wou de Landwirtschaftsminister op der DP Nord-Lëscht nees matgeet, huet de Fernand Etgen gemengt, et wier een am Norden excellent opgestallt. Déi Liberal géifen am Norde mat enger gudder Equipe untrieden. Ob hien nees Landwirtschaftsminister wéilt ginn, sot de Fernand Etgen, hie wéilt esou eng Fro net virun de Wale beäntwerten. De Wieler misst dat decidéieren.
De Fernand Etgen huet dann och op d’Fro, ob de Konsumenteschutzmninistère net misst zum Beispill an der Gesondheet ënnerbruecht ginn, gemengt, et misst een Ernährungsministère geschafe ginn, deen enk mam Landwirtschaftsministère verbonne wier. Et sollt quasi e Landwirtschafts- an Ernährungsministère an d’Liewe geruff ginn. D’Liewensmëttelsécherheet misst dee Moment aus dem Konsumenteschutzministère geholl ginn.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.