Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war den LSAP-Minister Dan Kersch.

D'Reform vun de Rettungsdéngschter war déi Reform, déi den Inneminister Dan Kersch dës Legislaturperiod am meeschte markéiert huet. Dat sot hien e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. Hien hätt vill Zäit an dës Reform investéiert, well et fir eng Saach war, déi dem Land hëlleft a fir d'Zukunft opstellt. A sengem perséinleche Bilan géif et awer ee B-Moll ginn, sou de LSAP-Minister, an zwar dass hien et net fäerdeg bruecht huet en neit Gemengegesetz ze presentéieren zesumme mat engem Syndikatsgesetz, dat onbedéngt muss moderniséiert ginn. Zil wier et aus deenen zwee Gesetzer ee Gesetz ze maachen, fir dass d'Gemenge besser kënnen op déi zukünfteg Erausfuerderunge reagéieren. Dat wier him dës Legislaturperiod net gelongen.

Sou munch Kappzerbrieches maachen dem Dan Kersch d'PAGen. Iwwer 60 Gemengen hunn nach ëmmer net hir nei Bebauungspläng beim Inneministère eragereecht. Den Delai gouf elo eng fënnefte Kéier verlängert a leeft den 1. November d'nächst Joer of. Dono wier dann definitiv Schluss, sou den Inneminister. Dee Moment misst de "finanziellen Hummer" erausgeholl an déi betraffe Gemenge finanziell bestrooft ginn. Et wier deemno eng Noutwendegkeet, dass d'Gemengen d'PAGen als absolut Prioritéit ugesinn, sou nach den Dan Kersch.

Ugeschwat op d'Chamberwalen am Oktober, sot sech den aktuellen Inneminister a Minister vun der Fonction Publique prett, fir och déi nächst Legislaturperiod mat senger Aarbecht virun ze fueren. Hien huet sech och kloer fir eng Suite vun der ablécklecher Dräierkoalitioun ausgeschwat. "Never change a winning team", sou den Dan Kersch. Dat lescht Wuert hätt awer de Wieler.

D'LSAP wier jiddwerfalls bereet weider Responsabilitéit ze iwwerhuelen, ënnert verschiddene Konditiounen. Et hätt ee kloer rout Linnen, huet de Minister betount. Géif dat net erfëllt ginn, da géif een net mat an eng Regierung goen, egal wéi se zesumme gesat ass. D'Fanger ewech vun de Pensiounen, dem Index an eng Hausse vum Mindestloun, dat wiere fir d'LSAP dräi Fuerderungen, déi mussen erfëllt ginn.

AUDIO: Background am Gespréich mam Dan Kersch

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.