Deputéiert vun Déi Lénk

© RTL.lu
Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war den Oppositiounspolitiker David Wagner.
“Gewësse Leit geet et bestëmmt besser hei am Land wéi viru 4 Joer”. Deene Leit, deenen et souwisou scho ganz gutt gaangen ass. Dat sot den David Wagner, Deputéierte vun Déi Lénk um Samschdeg an eiser Emmissioun Background am Gespréich.
Vill wier nämlech net beweegt ginn fir déi grouss Majoritéit vun de Leit.
De Problem an der Regierung wier d’DP, well vun där Partei dierft een sech kee soziale Fortschrëtt erwaarden. Et géif eng Politik fir déi Räich gemaach ginn. LSAP an Déi Gréng géifen zwar vun Investitioune schwätzen, mä hir Rechnung géif net opgoen.
D’LSAP géif sech elo kuerz virun de Wahlen nees drun erënneren, dass se dat „Soziaalt“ souguer am Numm stoen hunn. D’Diskussioun ëm de Mindestloun wier do dat perfekt Beispill.
Och beim Thema Wuesstemsdiskussioun léisst den David Wagner kee gutt Hoer un der Virgoensweis vu Blo-Rout-Gréng.
De kapitalistesche Wirtschaftsmodell géif weider bedriwwe ginn. Natur, an déi Leit déi schaffe ginn, gi weider ausgebeut.
Den David Wagner huet och erkläert, dass Déi Lénk den Ament mat de Preparatioune voll am Gaang wieren, fir de Wahlprogramm en vue vun de Chamberswahlen am Hierscht. Am Juni soll dësen zesumme mat de Lëschte finaliséiert sinn.
D'Zil fir d'Wale wier kloer, nämlech Deputéierter bäi ze gewannen zu de momentanen Zwee. Am Léifste wéilt een natierlech 5 Deputéiert kënne stellen an domadder eng Fraktioun hunn.
Zanter 2011 sëtzt den David Wagner och mat Ënnerbriechungen am Gemengerot an der Stad.
Ugeschwat op de Prestigeprojet vum Royal Hamilius sot hien, dass de Projet e reegelrechte Skandal wier. Iwwerdeiert Wunnengen, Butteker, déi och quasi integral fir déi Räich geduecht sinn - dat wier de falsche Wee wann et ëm eng gesond Stad-Entwécklung geet.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.