Kuerz a mëttelfristeg sinn eis Pensiounen ofgeséchert
Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich sinn de Sozialminister an den CSV-Parteipresident.
Um Samschdeg am Background iwwer de Sujet Pensioune ware sech de Sozialminister Romain Schneider an den CSV-Parteipresident Marc Spautz an enger Rei Punkten eens, zum Beispill dass d'Minimalrent misst ugepasst ginn. Et géif de Moment en Aarbechtsgrupp ginn, dee sech mam Sujet Pensiounen auserneesetzt an iwwer méiglech Usätz iwwerleet. Kuerz- a mëttelfristeg wieren d'Pensiounen zwar ofgeséchert, laangfristeg misst een dann iwwerleeën, ob eppes um System misst geännert ginn.
Fir de Marc Spautz war et wichteg, virun allem de legale Pensiounsalter vu 65 Joer z'erreechen.
De Sozialminister Schneider war an e puer Punkte mam Marc Spautz ganz d'Accord:
Mat iwwer 18 Milliarden Euro Reserve briecht ee sech allerdéngs esoubal keng Suergen iwwert d'Pensiounen ze maache, gouf nach gesot, Lëtzebuerg hätt do eent vun deenen beschte Systemer an Europa.
Allen zwee Politiker ware sech am Background eens, dass d'Minimalrent an d'Luucht misst goen.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.