Wéi gesäit d'Majoritéit vu muer aus?
Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich waren de François Bausch vun déi Gréng an de Serge Wilmes vun der CSV.
D'Mobilitéit stoung e Samschdeg de Mëtteg am Zentrum vun der Emissioun Background am Gespréich.
De gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch an den CSV-Deputéierte Serge Wilmes souze sech fir e Façe-à-façe géintiwwer.
Dës Regierung hätt villes gemaach an acceleréiert, et hätt ee missten e Retard vu 25 Joer ophuelen, seet de François Bausch. De Serge Wilmes betount, datt d'CSV dem François Bausch vill Projeten am Ministères-Tirang hannerlooss hätt. Dat mam Retard wier ee Mythos.
D'Ziler, déi am Modu 2.0 festgehale sinn, wiere richteg an och ze realiséieren, hu béid Politiker gemengt.
Fir d'CSV muss den Hiewel zum Beispill awer nach méi staark bei der Entlaaschtung vun der Stater Gare ugesat ginn. Zwéi weider Bypasse missten an den Aen vum Serge Wilmes gebaut ginn.
Eens ware béid Politiker sech notamment beim Thema Wuesstem, dee bräichte mer, mä net zu all Präis, et soll kloer Kritäre fir Firme ginn.
Den Nohaltegkeetsminister François Bausch seet, hie géing optimistesch an d'Walen an hie géing gären op sengem Poste weiderfueren. D'Ausso, datt de grénge Parteipresident ze verstoe ginn huet, datt et no schwaarz-blo géing richen, wëll de François Bausch net kommentéieren, hien hofft, datt et am Oktober no gréng richt.
De Serge Wilmes seet, datt d'Froen, wat no de Wale wier, sech elo net géinge stellen. Bei der CSV géing een de 14. Oktober ofwaarden.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.