Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war de President vun der Industriellefederatioun Fedil.

"Chapeau fir déi aktuell Regierung iwwer d'Bild vu Lëtzebuerg no Baussen. Et hätte kënne Saache besser gemaach ginn, mä am grousse Ganzen hu se hir Aarbecht net schlecht gemaach. Vun der nächster Regierung muss eng grouss Offensiv an der Infrastruktur kommen", dat sot e Samschdeg de Mëtten de President vun der Industriellefederatioun Nicolas Buck an eiser Emissioun Background am Gespréich.

Beim Sujet Wuesstems-Debatt ass et fir den Invité kloer, dass mir dees brauchen. Dee Wuesstem kéint mëttel-a laangfristeg just duerch Technologie, Industrie an Innovatioun kommen.

D'Diskussiounen wéi déi iwwert d'Steewollfabrick hätte bei potentiellen industriellen Investisseuren am Ausland fir Konfusioun gesuergt.
De Match ass an deem konkrete Fall verluer. Et misst elo no vir gekuckt ginn, wëssend, dass kuerz viru Walen d'Emotiounen héichkommen. No de Wale misst et awer nees un der Zäit sinn, fir mat sachlechen Argumenter d'Spannungsfeld tëscht Economie an Ecologie ofzebauen.

Industrie an Ëmwelt wieren och kee Widdersproch, esou de President vun der Fedil. D'Zukunft vun der Industrie wier nämlech ecologesch an nohalteg Produiten op de Maart ze bréngen. Schonn alleng wéinst der Akzeptanz an der Demande. Parallel ass et eng Opportunitéit fir d'Industrie, fir eppes ze entwéckelen, fir zum Beispill den Co2 ofzebauen an déi Technologie dann op de Weltmaart ze bréngen.

Wann een Industrie op Lëtzebuerg wëll lackelen, bräicht een engersäits ee klore Kader, parallel awer och Plaz. Do wiere Regierung a Gemenge gefuerdert. Et misst do laangfristeg geplangt ginn, soss geréit en an der Terrainsfro, wéi am Dossier Google, ënnert enormen Zäitdrock. Parallel misst een och iwwert den Tellerrand vun den nationale Grenzen denken a mat der Groussregioun eng gemeinsam economesch Zukunft opzebauen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Nicolas Buck

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.