Aarmut am Land geet zanter 10 Joer erop
Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war de Jean-Claude Reding, President vun der Chambre des Salariés.
Den Aarmutsrisiko hei zu Lëtzebuerg, bei de Leit déi schaffen, ass ganz héich. Dat mécht dem President vun der Chambre des Salariés, Jean-Claude Reding Suergen.
Och wann de Liewensstandard hei am Land héich ass, géife vill Leit ofrëtschen, sot hien e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. An deene meeschte Fäll sinn et Elengerzéier, déi an där Situatioun sinn. Donieft hëlt d'Zuel vun de Leit, déi fir de Mindestloun schaffe ginn, konstant zou.
An der Moyenne mussen ëm déi 16% vun de Leit mam Mindestloun eens ginn. Zanter 10 Joer geet de Problem vun der Aarmut hei am Land an d'Luucht, seet de Jean-Claude Reding. An verschiddene Beräicher muss dem President vun der Chambre des Salariés no eppes geschéien. Et ass dat um steierlechen Niveau de Fall, wat eng Hausse vum Mindestloun betrëfft, de Sozialtransferen, wéi zum Beispill dem Kannergeld an natierlech dem Logement. An eisem Steierbarème ginn et nach ëmmer Ongerechtegkeeten, an deem Sënn, dass verschidde Leit méi Schwieregkeeten hunn, deemno a wéi engem Grupp se dra sinn, huet de Jean-Claude Reding betount. Hien huet an dem Kontext d'Steierklassen 1a an 2 ugeschwat. Dem fréiere President vum OGBL no misst dat an enger Steierreform kuerzfristeg onbedéngt geännert ginn. Donieft misst och de Mindestloun adaptéiert ginn. Den aktuellen Taux wier ze no beim Aarmutsrisiko, sou eisen Invité de Mëtteg an der Emissioun Background.
Zeréck gekuckt op déi lescht Legislaturperiode huet de Jean-Claude Reding en duerchwuessene Bilan gezunn. Am Ufank hätt et nach eng grouss Opbrochstëmmung ginn, dono wier hien awer erschreckt gewiescht iwwert dee Spuerpak den als Zukunftspak verkaf ginn ass. Et wier probéiert ginn iwwerall Suen anzespueren, ouni sech Gedanken ze maachen, an engem Ausmooss wéi et guer net néideg gewiescht wier.
Dono hätt d'Regierung e Referendum lancéiert, den dem Jean-Claude Reding no gutt vläicht gemengt war awer net iwwerluecht. Och a Gewerkschaftskreesser hätten net-Lëtzebuerger virun dem Referendum gewarnt.
D'Regierung hätt doropshin verschidde Saachen probéiert ze redresséieren. Verschidde gutt Usätz wieren do gewiescht, mat Bléck op d'Steierreform oder d'Reform vum Congé Parental, mä et géif nach vill ze maache bleiwen. Vun enger nächster Regierung erwaart sech de President vun der Chambre des Salariés ganz vill. Eng vun de Prioritéite misst d'Bekämpfung vun den Ongläichheete sinn, déi ëmmer méi zouhuelen. De Räichtum, deen am Land geschaaft gëtt, muss méiglechst gläich verdeelt ginn a jidderengem zegutt kommen.
Eng weider Prioritéit misst de Logementsproblem sinn, deen an de Grëff ze kréien, souwéi eng economesch Diversifikatiounspolitik, déi sozial an ekologesch ass. Et gëtt wuel vill gebaut, mä et geet net duer, seet de Jean-Claude Reding. Et feelt nach ëmmer u Sozialwunnengen. D'Chambre des Salariés huet an dem Sënn nei Pisten opgezeechent a wéi eng Richtung et kéint goen, fir dee Problem an de Grëff ze kréien:
Et stieche Milliarden an eisem Pensiounsfong, déi mer haut an Aktien an an Obligatiounen investéieren, fir e Rendement ze hunn, seet de Jean-Claude Reding. Hien huet d'Iddi an d'Spill bruecht, dass de Fond de compensation zum Beispill kéint en Deel vu senge Mëttel och an d'Promotion immobilière investéieren. Dat heescht selwer an de Besëtz vun Terrainen ze kommen, zesumme mat staatlechen Institutiounen, wéi der Société Nationale des Habitations à bon marché, fir beim Bau vun neie Wunnenge méi séier aktiv ze ginn. Wat een nämlech méi laang géif waarden, wat sech d'Situatioun ëmmer weider verschlechtert, huet de President vun der Chambre des Salariés betount.
Nei Aktivitéiten, déi an d'Land kommen, dierften net méi Problemer schafen, wéi Positives. Eng Wonschkoalitioun, wat déi nächst Regierung betrëfft, huet de Jean-Claude Reding iwwregens net.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.