3er-Koalitioun confirméiert: Inhaltlech a personell Detailer gi keng verroden
Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war de Lex Delles vun der DP.
D'Dräier-Koalitioun ass confirméiert ginn, elo geet et drëm e Programm auszeschaffen. Dat sot den DP-Politker Lex Delles e Samschdeg de Mëtteg am Background am Gespréich.
D'Zesummenaarbecht ass ganz gutt, et gi vill Accorde fonnt an hie wier optimistesch, datt et eng Neioplo vun der 3er-Koalitioun wäert ginn.
Fir de Munnerefer Buergermeeschter ass et kloer, datt Blo-Rout-Gréng confirméiert gouf, och wann d'Majoritéite mat 31 Sëtz natierlech eng knapp wier. Datt d'CSV de Walverléierer wier, dat wier genee sou kloer.
Iwwer Detailer aus de Koalitiounsverhandlungen oder iwwer eventuell blo Linne wollt de Munnerefer Buergermeeschter näischt verroden.
Zu Knackpunkter wéi Mindestloun-Erhéijung, der 38-Stonne-Woch, der Betribsbesteierung oder enger Tax op eidele Wunnengen huet de Lex Delles net wollte soen, ob d'DP Waasser an hire Wäin schëtt oder ob anerer dat maachen.
Hanner zoueneen Diere gëtt um Programm geschafft, ëm Poste géing et méi spéit. D'Verhandlunge géingen dann awer wierklech op Aenhéicht gefouert ginn, eng LSAP, déi verluer huet, hätt also de selwechte Stellewäert wéi Déi Gréng, déi gewonnen hunn.
Den 33 Joer ale Politiker ass a sengem Bezierk den Éischtgewielten, krut duebel sou vill Stëmme wéi déi leschte Kéier an dierft deemno a Fro kommen, fir an d'Regierung ze wiesselen, confirméiere wollt den DP-Politiker dat allerdéngs net.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.