Invitée dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war d'Presidentin vun der Caritas.

"Feinheet" bezuelt sech net aus, dat seet déi laangjäreg CSV-Ministesch Marie-Josée Jacobs an hirer Analys vum Walresultat. D'CSV hätt déi lescht 5 Joren eng "gentil Oppositioun" gemaach, sou d'Nordpolitikerin e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich, déi, wéi jiddereen an hirer Partei, definitiv net mat der Defaite gerechent hat. De Claude Wiseler wier e feinen, manéierleche Mënsch. Datt hien dowéinst als Fraktiounschef a Spëtzekandidat direkt an der Verantwortung wier, wollt d'Marie-Josée Jacobs awer net domadder ausdrécken. De Waldebakel vun hirer Partei hätt u méi Facteuren geleeën. D'Analys vun dësem Walresultat wier allgemeng ganz schwéier ze maachen a sollt a Rou gemaach ginn.

Datt Serge Wilmes a Martine Hansen an Zukunft eng Roll an der Partei ze spillen, dovunner geet déi laangjäreg Tête de liste am Norden awer och aus. Ob et nach aner Interessenten fir d'Spëtzekandidate gëtt, kéint si net soen. Virun allem misst d’CSV sech inhaltlech a Fro stellen, fir och déi jonk Wieler nees méi unzeschwätzen.

Datt nëmmen 12 Fraen den Ament an der Chamber sinn, huet déi fréier Chancëgläichheetsministesch bedauert. D'Fraequote wieren 20 Joer ze spéit komm. D'CSV hätt an der Vergaangenheet awer laang net de Partner an der Regierung gehat, fir d'Iddi vun de Quoten duerchzesetzen.

Als Presidentin vun der Caritas, huet d'Marie-Josée Jacobs nach emol un eng Rei vun der Fondatioun hire Fuerderungen un d'Politik erënnert. Et misste besonnesch beim Logement zousätzlech Efforte gemaach ginn, deen de Leit e Lach an de Portmonni frësst. Hei huet d'Caritas sech ënnert anerem fir eng Spekulatiounstaxe ausgeschwat. Donieft hält d'Caritas drop, datt eng detailléiert Analys vun de Reformen an der Familljepolitik gemaach gëtt an deenen Äermsten zousätzlech ënnert d'Äerm gegraff gëtt. D'Analys vun der Regierung, et hätt een déi sozialgerechtste Steierreform vun allen Zäite gemaach, deelt d'Associatioun net.

A Saachen Integratioun vu Flüchtlingen, huet d'Marie-Josée Jacobs däitlech méi Moyene gefuerdert. Unerkannte Flüchtlinge misste kënne Fouss faassen um Aarbechtsmaart, Kanner an der Schoul ënnert d'Äerm gegraff kréien an d'Refugiéen iwwert d'Lëtzebuerger Land informéiert ginn, fir sech an eis Gesellschaft z'integréieren. Dat géif vill Sue kaschten, ma wann dat Geld net investéiert gëtt, da kascht et eis an Zukunft vill méi deier, sou de klore Message vun der Presidentin vun der Caritas an der Emissioun Background haut.

Sollt et an den nächsten Deeg sou kal bleiwen wéi dës Nuecht, wäert d'Wanteraktioun iwwregens scho virum 1. Dezember ulafen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Marie-Josée Jacobs

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.