De François Benoy, de Sven Clement, de Jeff Engelen an de Georges Mischo waren eis Invitéen e Samschdeg am Background am Gespréich.

Um Samschdeg de Mëtteg ware 4 neigewielt Deputéiert an der Emissioun Background am Gespréich.
Op d'Defaite vun der CSV ugeschwat, huet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo seng Partei kritiséiert, datt d'lescht Joer no de Gemengewalen eng grouss Euphorie bannent der CSV ze spiere war. Esch war an d'Hänn vun de Chrëschtlech Soziale gefall. Duerno koumen déi éischt Sondagen, wou d'CSV besser Prognose virausgesot krut, wéi d'Resultater schlussendlech waren. An herno huet sech eng gewësse Bequemlechkeet bei de Memberen an de Kandidaten op de Lëschte breetgemaach.

Digitaliséierung, Brexitdebatt, Mindestloun steierlech entlaaschten, de Loyer 10 Euro de Meter Carré ... dat sinn da Sujeten op déi d'Pirate ëm de Sven Clement sech wëlle konzentréieren. Sujeten, déi si wärend dem Walkampf versprach hunn. D'Scheier tëscht Arem a Räich, Trend vu niddreg bezuelten Aarbechte gi vun Net-Lëtzebuerger gemaach, déi kënnen net wiele goen.

Rezent gouf et jo Kritik un de Piraten, well si mat der ADR zesummen ee Groupe technique forméieren. Eng Kritik war, datt d'Pirate Populiste géife stäerken. Dee Reproche weist de Jeff Engelen vun der ADR vu sech. Et misst ee weisen, wien e Populist ass a wien net. Datt dat op d'ADR géif zoutreffen, weist de Jeff Engelen wäit vu sech.

Hie géif sech wënschen, datt de nächste Programm Gréng gëtt, dat sot dann de neien Deputéierte vun de Gréngen, de François Benoy. U sech kéint de Stater theoretesch och e Ministerposten iwwerhuelen. Ma de gréngen Deputéiert sot: Hie wier kee Kandidat. Hie wier frou, wann hie fir d'éischt Erfarungen an der Chamber kéint sammelen.

AUDIO: Background am Gespréich mat 4 nei Deputéiert.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.